De Bléck gëtt vun de Bléieblieder op di gëlle Brosch gezunn.
Hei huet de Bijoutier seng ganz Konscht gewisen.
Giel op rosa - méi opfälleg kéint de Faarfkontrast net sinn.
An dat alles op engem nobelen däischtergréngen Hannergrond.
Di zwee violett Flecken uewen net ze vergiessen - ouni si wier d'Bild nëmmen hallef esou vill wäert.
Wann de Bijou net ze deier ass, kafen ech en!