Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dancing

 
All Fotoen an dëser Serie:
28975 Thumbnail
28976 Thumbnail
Dancing
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.07.2012
  • Gekuckt:
    20557
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    2
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D3000
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Bewegung »» Sport
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65257]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Kleng Fotoserie! main Model ass en begeeschterten Balletsfan, an et huet sech vierun kuerzem seng Nei Pointen kaaf, an dei et mengen ech och zimlech ''verleiwt'' ass!:)
Sou dass ech mad deier Foto iergendwei well weisen, dass wann een eppes sou gäer mescht, een et zu all Zait an iwwerrall mescht!:)
wat haalt dier dovun?:)
Loki 25.07.2012 - 10:41
Wéi, sou vill Klicks an nach emmer kee Kommentar?! Da fänken ech mol un.

Also, ech fannen d'Iddi déis du am Text beschreiws ganz flott emgesat! Déi zwou Fotoen aus deser Serie gefaalen mer och ganz gudd, well se schéin opgebaut sin an Ausstrahlung hun.

Zum techneschen: Bei der éischter fannen ech et ganz flott geléist wéis de dengem Model (e schéine Bonjour un d'A. closed_eye ) seng Pose wou et sech streckt mat de vertikalen Linen vum Pfeiler ennersträichs an him mat den horizontalen Linen vun den Traapen eng Basis gëss. Hatt gesait fragil awer och glaichzaiteg stabil dobai aus.
Seng Pose ass natirlech gestallt a wierkt net immens 'natirlech', mee Ballet ass jo vun Haus aus selbstverständlech voller méi onnatirleche Posen. An deem Sënn fannen ech dass di gestallten Pose hei guer net schlecht wierkt, ganz am Géigendeel.
E ganz e besse schued fannen ech dass den Hannergrond, also d'Wiss mat deem Spazéiergänger e bessen vun dengem Haaptsujet ooflenkt. Ech denken, wanns de do eng mi schnell Blend geholl häss, wier den Hannergrond nach méi onscharf gin an dann ging dain Sujet nach méi erausstoen. Dann muss de allerdengs mat den hellen Partien oppassen dass déi net ausbrennen. Daat bréngt mech zur Verarbeschtung. Ech fannen se ganz gelongen! Déi héich Kontraster an déi liicht Iwwerbeliichtung an den Häut Partien sin gelongen. Just e bessen schued dass de net vill Liicht vun ënnen haas well dengem Model seng Been ongläich mi däischter wierken an do erkennt een dann d'Hautstruktur vill méi wéi um Rescht vun him. Daat bréngt d'Bild e bessen aus dem Galichgewiicht. Vait kanns de do nodréiglech nach e bessen drun dokteren goen an d'Been mi hell maachen an glätten?
Awer alles an allem: flott Foto!


An dann zur zweeter: Ech wees aus eegener Erfahrung wéi schwiereg et ass vun ënnen ze knipsen ouni dass d'Lëns engem den Androck gett d'Model hätt rieseg Been closed_eye Deen Effekt hues du hei *iwwerhapt* net, also super geschafft! Seng Pose an den Opbau vun der Foto sin och tiptop, daat op-den-Zéiwen-stoen wierkt mühehol, ganz natirlech, an säin Bléck hues de och gudd agefaangen. Deen an d'Perspektiv maachen hatt hei ganz dominant op der Foto an d'Pose an d'Schung erem fragile... ech hun déi kontrastéierend Iddien ganz gären, an daat hues de super hei erankritt! smile
Wann een den Rack kukk, gesait een dass en liicht onschaarf ass wéinst dem Wand. Dofier gin ech dovun aus dass de hei méi lues wéi <1/200 geknipst hues, oder? Daat ging d'Verweschung erklären. Daat bedeit dann och dass dain Himmel séier auswäscht mat de Farwen an eng Tendenz zum Waissen huet. Ech ging der virschloen manner lues ze beliichten, dann retts de der e besse méi Farw am Himmel. Dee Moment kanns de jo dann erem mat der Blend schaffen fier d'Bild awer hell ze kréien. Och hei hätt nämlech eng schnell Blend d'Gestrüpp hannendrun méi séier onscharf gemach, waat dain Model och erem méi erausgestallt hätt.
Mee och hei: ech fannen d'Foto ganz gelongen an teschnesch gett och erem net vill auszesetzen.

Alles an Allem: weider sou! Do wëll een méi gesin! smile
Maite 26.07.2012 - 23:53
fierdeicht mol rem eemol e grousse Mercismile sin weikelch frou dass d'footoen da gefaalensmile
Mat deier onnatierlechkeet, dat stemt, dass eben well D'A smile nach net esou laang ballet mescht fier genau ze sin, mol net 3 wochen smile an well hat et aawer onendlech gäeren mescht, haat ech d'idee fier een shooting! an well hatt eben nach net ganz stabil op de pointen ass, konnten ma keng profiposen maachensmile do missten ma mad mei ''einfachen'' Ideen schaffensmile
Zu der Sach mad der Blend: ech muss zouginn, am uffank fellt mier dat ni sou ob... merci daste mech drop opmierksam mess. dorop muss ech wuel besser oppassensmile
Jo dat mam Liischt woar och su eng saach, Sonn huet deen Daach e bessen de geck mad eis gemaach, an dofier woar dat heiandsto relativ komplizeiert :S an wu ech dun verschafft hun, huet een dat dunn nach mei gesin :S
Merci mercismile

Jo ech muss zouginn ech haat och meng probleemer, dass dat net onnatierlech wierkt, well et ass enplus en grousst model (ech dogeint sin nawell relativ kleng) an dann nach vun ennen ... freet mech dass mier dat aawer gelong ass!
Jo, also wei lues ech do woar, wees ech nemi genau, mee geet aawer an dei richtung!

Oh merci Loki, do ass en frou dat ze heieren smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 587 Gäscht online