Ech hun et awer och net gäre, wann et zevill hell ass bei voller Sonn. Da gët et Schieder, déi net ëmmer super sin, besonnesch wann et dem Fotograf säin ass...
Haut hun ech zwar e puer schéi Macroë gemaach, och an deene schlechte Konditiounen. Deen een oder aanere weisen ech an deenen näxten Deeg hei.
Jo dat stemmt och rem...mee dann muss den Fotograf sech richteg stellen an bessli oppassen
Souwisou wei et och ass ass et ni gud...ze vill luucht, net genuch luucht, ze vill loft, zevill schierten, ze naas,...
Et ass ni gudd fir eis, déi mir dacks ze vill kritesch mat eis selwer sin. Déi di et kucken, an net wësse, wéi d'Konditiounen op der Plaz waren, sin ganz dacks net sou negativ kritesch.
Merci, Jeanny! Mais si muss awer schon zimmléch um Dessert gewiescht si, well si huet séch fléiwe gelooss. Ech hu laang misse warde, bis se neess beiden Teller kommass, wéi ech se eng éischte Kéier verjot hat...