Kal Faarwen fir e kale Sujet.
Gefält mir ganz gutt.
Ech denken, datt d'Detailer vum Äis a vum Fiels an enger Vergréisserung nach méi interessant wierken.
Merci, jorsch. Äisdetailer sin ëmmer interessant. Mais an desem Fall goung et mir drë, fir de Kontrast vum schwarzbloe Schiefer an dem hellbloen Äis erauszeschaffen. Dann déi Bildopdeelung durch d'Diagonal, e besse wéi bam Yin a Yang-Zeechen. Dann awer och, déi Form am Äis, déi een un de Kapp aus dem Picasso sénge Biller (a besonnesch Guernica) erënneren deet.
Wa mir elo nach een anstänneche Wanter mat laange Minustemperaturen hätten, da wéisst ech och, wouer ech eng ähnléch Foto wéi di hei maache géing...
Nämléch beim Weier op der Neimillen bei der Misärsbréck.