vu Kirkenes (Norwegen) Richtung Murmansk (Russland)
eriwwer si mer awer nët komm
3) duerch den Droot gesäit een di 2 Grenzsteng
4 a 5 hun ech als Doku derbei gesaat
klick weg
merci Jeanny,
daat war et , an di héichst Temperatur zenter 20 Joer, 23 Grad, emmerhin si mer hei op der Héicht vu Sibirien, a mir konnten am T-Shirt fueren
an die russesch Matruschka, kruut een och op der norwegescher Säit, ze kaafen
Flott Doku Serie. Esou Grenzen sinn emmer interessant.
Haat eemol am Peru virun 15 Joer eng wollten Fotographéieren, do war ech deck vernannt ginn vum Douanier.
PS: Ech mengen den Titel misst heeschen "Quadtour"
Merci Digital-Art, do nach vu Schengen ze schwetzen ass schon e bessi Wahnsinn, do wou d'Grenz net duerch de Floss geet ass iwwerall Droot, an op beiden Säiten setzen Leit vun der Arméi op Tiirmercher an hun alles am Aan
Anscheienend sin d'Norweger awer ganz frou , dass zou ass, well et war emol e Mount op, an du sin hier Leit eriwwer gaang fir Wodka ze drenken!!
a well di russesch Douanieren anscheinend méi bestiechbar sin wéi aanerer , versichen op dëser Plaatz och vill illegal Awanderer aus dem Osten an Europa ze kommen
De Fehler ass verbessert , merci
Interessant Dokuserie duerch däin Kommentar. Di 1te an di 2te sinn awer och eng interessant Art vun engem Selfportrait Dat muss natierlech immens sinn op esou engem Quad Beifahrer ze sinn fir d'Landschaft ze genéissen an se ze fotograféieren.
merci Abacab, et hätt mech awer och gereizt fiir selwer ze fueren, mee sou haten mer dann allen 2 eise Plaiséier, an ech sin mol eemol net vernannt gin, dass all Mensch misst op mech waarden well ech zevill knipsen