Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Meng léifste Vue

All Fotoen an dëser Serie:
22252 Thumbnail
22253 Thumbnail
22259 Thumbnail
22260 Thumbnail
Meng léifste Vue
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2011
  • Gekuckt:
    10940
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Originaldatum:
    10.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Objektiv:
    Canon70-200
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59443]
Kommentar vum Fotograf:
Meng léifste Vue op eiser Musel, ech komme ni do derlaanscht ouni eng Foto ze maachen, an de Moment ass se an der Hierschtstëmmung,
wënschen iech all e schéine Weekend.
Zora 08.10.2011 - 16:15
Schein deng Faarwen, flott
Jeanny 08.10.2011 - 19:45
merci Zora
spackelter 08.10.2011 - 16:16
Dei Vue as wierklech nët schlecht.
Do muss ech dir recht gin Jeanny.
Ma, ech kuckken och nawell hei ans do länger do eraus a Richtung Forografin ...
smile))
Nach e scheine Weekend,
Bj Jang
Jeanny 08.10.2011 - 19:46
merci Jang smile
Gibbes 08.10.2011 - 17:30
Schein Faarwen flott Spigelung Jeanny
Jeanny 08.10.2011 - 19:46
merci Gibbes
pitchul 08.10.2011 - 17:56
Ganz schein
Jeanny 08.10.2011 - 19:47
en decke Merci pitchul
Poly 08.10.2011 - 18:21
jo Jeanny op der Musel ass schéin, och hei an do nuets closed_eye
Jeanny 08.10.2011 - 19:47
du sees etsmile
Nagarjuna 08.10.2011 - 18:40
Mir falen zwou Saachen op. Den Horizont ass bei béiden Fotoen genau an der Mëtt. Dat soll elo net heeschen dass dat eng fest Regel ass awer deng Fotoen hätten méi Ausdrockskraft wann den net an der Mëtt wier. Virun allem bei der éischter Foto wier et super wann een do méi Spigelung vum Waasser an manner Bësch gierf gesinn. Ausserdeem hues du een liichten Faarwfstach dran (Magenta). Virun allem bei der éischter Foto. Een Auto-Color am PS geet schon duer fir den erauszekréien. Gett et een Grond firwat dass du op der éischter Foto d'Gebäi ofgeschnidden hues? Op der rietser Säit ass net vill Informatioun an lenks kritt een den Androck wéi wann eppes gierf fehlen.
Awer (mat e bessi Finetuning) gefält mir déi éischten Foto perfekt. Se huet eng flott Faarwstemmung an d'Haus hieft sech ganz flott duerch d'Kontraster vun Magenta-Greng eraus (den Tëtonguepelchen um i). smile
Jeanny 08.10.2011 - 20:07
villmools merci, meng Foto sou kritesch ze kucken a mech op Saachen opmierksam ze maachen, däi mir eigentlech net bewosst waren, hu mir se elo mat dengen Aen ugekuckt.
Däi 1 Foto, den Auto-Color benotzen, en anere Bildschnett wielen, oder se nei fotograféierensmile lenks ofgeschnidden, also dat kucken ech mir de nächste Kéier un, kann dir do elo net dorop äntwerten unhappy hunn däi aner Fotoen och gekuckt, däi ech gemeet hunn, hunn se all esou opgeholl ginn smile
wäert se nei verschaffen
Nagarjuna 08.10.2011 - 23:04
Also, ech fannen se sou nach vill besser. Awer bei der éischter ass nach ëmmer den Faarwstach dran. Ech sinn zwar elo um Laptop an do ass et villäicht och méi staark wéi virdrun um Computer. Awer vum Bildschnett ass se elo perfekt well se op béiden Säiten ofgeschloss ass an virun allem e bëssi méi vun der flotter Spiegelung drop ass. smile
Jeanny 09.10.2011 - 07:25
smile ech weess;-0 wann Wierder schéin ass, fueren ech se nei fotograféieren,hat den Auto-Color benotzt, probéieren et mol nach manuel, merci
gi87 08.10.2011 - 21:37
Ass ganz Flott gin, schein Spiegelungen !
Jeanny 09.10.2011 - 07:27
meng Lieblingsvue op eiser schéiner Musel, merci gi87
gi87 09.10.2011 - 10:43
Du seeset , sie ass wiekleg immens flott, mir hun och scein vuen an onserem klengen Letzebeurg heismile
Pit 09.10.2011 - 10:05
Déi Spigeluingen sinn interessant, flott Faarwen.
Jeanny 09.10.2011 - 19:50
merci Pit
He-Lx 09.10.2011 - 13:54
D'Nummer 4 fannen ech besser am Schnëtt wéi d'Nummer 2. Duerch déi liicht Asymetrie kënnt d'Spigelung besser zur Geltung.
D'Nummer 1 besser am Liicht wéi d'Nummer 3 - se wierkt am Donklen méi Geheimnisvoll.
Jeanny 09.10.2011 - 19:50
merci Heng, sou huet jiddereen seng Meenung,
Dynax 09.10.2011 - 18:08
Hennt as eng Fra op der Deysermillen mam Auto an Mousel gefour. Dat schengs du jo dann net gewiecht ze sinn smile Flott Serie, a vue. Sinn och oft do an der Geigend.
Jeanny 09.10.2011 - 19:48
dat ass Deisermillen, Upppsss dat wousst ech netunhappy
neen dat war ech netsmile
ech genéissen ëmmer däi Vue wann ech laanscht fueren, Merci Dynax

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 458 Gäscht online