Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Et gett Reen...

Et gett Reen...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.08.2011
  • Gekuckt:
    12774
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/4.0
  • Brennwäit:
    12.8 (60mm)
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    500x800
  • Späicherplaz:
    140 KB
  • Originaldatum:
    04 aout 2011.
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57914]
Kommentar vum Fotograf:
...an iwwert der Haart schéngt nach d Sonn.
_MiAmI_ 05.08.2011 - 10:22
deet ma leed mee, huel daat och net beis elo ob, as sust meng Mehnung, mee mat der Foto do kann ech perseinlech neischt domat unfänken! En groot Bild mat bessen Blo an vleit bessen greng....
Sorry nee he !
Maimonides 05.08.2011 - 20:06
_MiAmI_,
deng Meenung brauch dir dach net Leed ze dinn ! Ech respektéieren déi, grad esou wéi ech och aner Meenungen respektéieren. "Trotzdem", Merci vir de Kommentar.
Poly 05.08.2011 - 12:59
jo, déi Opdeelung am Bilt gefëllt mer super, passt op den Titel,
2/3 Himmel an dann ofstuffungen gefëllt smile
Maimonides 05.08.2011 - 20:09
Esou war se geduecht, Poly. Mat deem ville Gro ass et awer ee kritesche Cadrage. Och duerfir hunn ech se proposéiert: well se diskutabel ass.
A Merci.
suraki 05.08.2011 - 17:02
ech kann dem MiAmI hei net Recht ginn.
fir mech ass et eng "modern" Landschaft,
eng Vue déi net méi Zweedäiteg ka sinn smile
_MiAmI_ 05.08.2011 - 19:30
vir mech keng Foto vir hei erop ze lueden, absolut net !!
waat soll eis dei dann weisen?? Eng gro flaesch mat bessen blo an greng....
Maimonides 05.08.2011 - 20:24
D'Admins, _MiAmI,
sinn och net blöd: déi wëssen dass dat hei eng Foto ass déi Diskussiounen wärt ausléisen. A genau dat ass dat interessant hei um Site.
_MiAmI_ 05.08.2011 - 20:55
smile
suraki 05.08.2011 - 21:28
Dat ass jo dat flottst hei Maiami, verschidde Meenungen an doduerch verschidde Biller an Stiler. Et léist sech esouguer an der Molerei iwwert Portraiten mat zwou Nuesen diskutéieren. Photoen mat Schréipsen an Strukturen sinn vun de meeschte Leit net gäre gesinn, sollen se dovir net gewisse gin ?
Fir mech huet villes hei eng Berechtegung och wann dat eent oder anert mer selwer da net immens gefëllt ... a genau dat ass dach flott ? smile)
_MiAmI_ 06.08.2011 - 08:19
jo jo jo smile deen leiwen "affaire de gout"
hat iejendwou hei gelies ze hun, et soll eng idee do hannert stiechen an hei an do ...
Wei gesoot, dei dooten as vir mech einfach, "schnell gesin an geknippst" !!
Maimonides 07.08.2011 - 00:19
"Schnell gesinn an geknipst", _MiAmI_,
ass ëmmer nach besser
wéi laang gekuckt a verpasst.
closed_eye
Maimonides 05.08.2011 - 20:18
Et ass och bal wéi de Schluss vum leschten Akt:
Rideau !
Merci, Ed.
jorsch 05.08.2011 - 18:34
Op deng Foto genuch bitt fir d'Fantasie unzereegen ass discutabel an hänkt vum Spectateur of.
Wann een awer un ass, da bitt se vill Plaz fir d'Gedanke fléien ze loossen!
Maimonides 05.08.2011 - 20:37
"hänkt vum Spectateur of", esou ass et, jorsch.
Egal wat ass se net, an ee Sonnenënnergang scho guer net. Si ass ongewinnt an awer korrekt cadréiert, d'Faarwen passen, ënnen liicht opgehellt an uewen e bëssen ofgedonkelt. An "Et get Reen" ass eng Paraphrase op dat wat ech dem suraki geschriwwen hunn. Gedanken hunn ech mir net keng gemaach.
Mais wéi's du selwer gesot hues: dës Foto muss kengem gefalen.

A Merci.
VeloBen 05.08.2011 - 22:56
Déi Eidelheet an Monotonie vum Bild huet eppes.

Kleng Froe: Ass uewen liicht lënks vun der Mëtt net een klengen Sensorfleck ?
Maimonides 07.08.2011 - 00:28
Merci, VeloBen,

et géif mech awer wonneren
wann dat 1 Sensorfleck wier,
well ech dës Foto mat der Lumix
geknipst hunn.
An déi ass keng Spigelreflex.
Et kann een zwar ni wëssen,
an duerfir wärt ech elo
mol dorop oppassen.
VeloBen 14.08.2011 - 21:51
Ajo dann kann et keen Sensorfleck sin. Den Sensor vun der Limix ass jo komplett dicht géint alles vun baussen. Vlait just een Stëtonguepskaer opp der Lëns. Ass awer schnell opp dengem Bild ewechgestempelt/

Ech haat mech just gewonnert opp et een Sensorfleck wier well ech schon ähnlech esou Flecken haat wann ech een monotonen Himmel geknipst hun.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 361 Gäscht online