hmm, also ech hun e bessen e Problem mat deenen "warmen" Schneifotoen ... den Weissofgleich kansn de jo och ouni PS & co schon um Apparat adapteieren !
Affaire de goût. D'Strossenluuchten sin am original nawell ziemlech orange. Ech haat och aner Biller bei neutraler StrossenBeliichtung gemaach mat méi "originalem" Schnéifaarw. Hun déi awer e wéineg lanweilig fonnt.
Jo stemmt. Also wéinst der Daischtert hun ech mer schon Plaatzen missten sicchen wou Strossenbeliichtung war. An mat enger Festbrennweit konnt ech elo och net wahnsinneg vill Motiver erauspicken wéi ech daat mat engem Zoom maachen.
jo, mat 35mm an och 1.8 kriss de elo schärftemeisseg bei esou engem bild net vill hin, mais et gesait een dat een am deischteren mat weineg luucht schon freihand kann knippsen, as emmer wellkomm esou epes
mann, gin et keng leit mat anstännegem temperaturgefill, ech heieren naischt anescht mei wei : as et dier net kaal ... mier as kaal ... brrr ... !
gid emol all kaal duschen iert der eraus gid moies !
Flott Foto Stellen mer just fro wisou dass du bei enger Landschaftsfoto mat Stativ eng Blend 1,8 gewielt hues? Och mam Iso verstinn ech net wisou 6400. E bëssen erof gesat an Beliichtungszäit méi laang agestallt an du häss een Tick manner rauschen dran.
Jep, daat stemmt. Et wat sch....daischter an der Nuecht.
Et war och méi een Test fier meng D7000 waat se vun héichen ISO esou alles faerdeg brengt. Also fier ISO 6400 fannen ech d'Rauschen nach ok.
Mat der Schaerft wollt ech keen Risiko angoen well mein Stativ net esou stabil an riccht um Schnéi stung dofier keng lang Belicchtungszeit.
Och daat mat der Blend war esou gewollt. Well est esou daischter war , war den Test fier awer nach den Maximum un Licchtstaerkt erauszequetschen. Et war och fier ze kucken waat fier Biller iwerhaapt do erauskommen géiffen mat dem Nikon AF-S DX Nikkor 35mm 1:1,8G Objektiv.
Keng Ahnung wéi se gin wieren wann do eng méi niedrig Blend gewiescht wier. Menger Meenung wieren se ze daischter gin.
Ok dat erklärt mer dann schon villes du wolls also den Extremfall hei mol testen. Hat mech einfach gewonnert bei där esou Astellungen ze gesinn, well du jo awer Ahnung hues vun dem wats du mëss.