Bleien nach emmer bei der Astellung dass 2.8 ze riskant wier.Hu meng trotz 2.8er Objektif mat 4.0-4.5 gemeet,vereenzelter mat 3.5.
Mee deng Déifteschärft ass esou begrenzt bei 2.8 dass de dann net vill gewenns,ausser du erweschs de Moment wou déi zwou Persounen absolut an enger Ebene stin,an da nach.
Dee Surplus vun der Verschlosszeit deen's de do gewenns ass mat méi Risiko verbonnen mengen ech.
Hätt villeicht bei der Nobearbehtung manner Entrauscht,doduerger gesin se "verweecht" aus.Léiwer e bessen Rauschen (ass net ze vermeiden bei deenen Lichtverhältnisser) an dofir méi eng knackech Schärft.
jo hunn se effektiv vill entrauscht. hmm soss maachen mer et wei op RTL.LU einfach esou kleng dass een nix méi gesäit mee lo mol am eescht, ech hat zimlech vill rauschen dran, et huet definitiv net gutt ausgesinn, bon dat hei ass och net perfekt. ass alt eben een Kompromëss.
Et wonnert mech,well D700 ass jo awer ziemlech rauscharm.
Hues de Fotoen an der Virschau vum Windows gekuckt?
Do rauschen meng och extrem...an der selwechter Diashow am Vollbild komecherweis net...esou wei wann se an der Virschau extrem geschärft ginge gin.
Probeier daat emol....