freet mech dat se der gefëllt,
wann ech ënnerwee sinn, meeschtens mat enger Grupp, bleift net vill zéit fir laang Astellungen a Positiounen ze sichen fir d'Foto, esou dat ech der vill muss maachen (meeschtens eng 3stellig Zuel), fir hanneno ze sortéieren
ah jo an do denken ech mer dat et méi einfach ass, als Profifotograf Fotoen ze maachen an e ganzen Staff hannendrun hänken ze hunn, a ronderëm mat privat Guiden ze fueren,
ech hunn op jiddefalls mäi Satisfaktioun wa mer spontan eng Foto geléngt wéi de gestallten a bezuelten...
Jo , mé...
Dofir get am Frankreich StreetFoto Photo de reportage genannt . Well et eben dei spontan Situatioun duerstellt.
Dann sinn StreetFotografen oder ReportageFotografen mat enger Journalistescher Astellung dei dann duerch den "gesischten " Bildopbau eng Gschicht oder eng Situatioun wellen duerstellen. effectivement get daat én enormen opwand an kascht Suen.
Et bleiwt interessant ewei en Europäer zB "exotesch" plaatzen erliewen... an daat ass eben duerch desen Tipp vun Foto duergestallt.
Dei ganz Panopli vun Stiler sinn interessant .
op jiddefalls, fannen engem Krichsreporter seng Biller méi interessant , wei een den am Studio ronderëm blëtzt, well wann oft kuckt wei déi schaffen froen ech mech wat ass do nach Foto, mä jiddwerengem senges