Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

FG5

 
All Fotoen an dëser Serie:
9203 Thumbnail
9204 Thumbnail
9205 Thumbnail
9206 Thumbnail
FG5
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.08.2010
  • Gekuckt:
    24644
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    20100818
  • Fotoapparat:
    D50
  • Objektiv:
    50mm an 17-50 Tamron 2.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
Stativ, Lightroom

Fir anzesetzen: [pg_img=48243]
Kommentar vum Fotograf:
Een Absolut Gravimeter mam Numm FG5. Ech hunn hei probéiert mol ee bessie Wëssenschaft festzehalen. Ech géif mech freeën wann dir ee puer comments zu dëser Serie géift ginn. Wei ass/wirkt Desaturatioun?

JohnJ 20.08.2010 - 08:31
Ech fannen et passt alles bei deser Serie
nebu 20.08.2010 - 10:01
Merci
JangDeBlannen 20.08.2010 - 09:56
hallo nebu, ech fannen dass dei reduzeiert faarwen hei gut klappen, an d'stemmung verstärken. Nummer 2 an 4 fannen ech vum cadrage an der deiftenschärf gelongen, 1 an 3 spriechen mech net un fir mer se mei genau unzekucken.
nebu 20.08.2010 - 10:01
Merci. Kenns du dir eng Perspektiv virstellen wou dat 3 Bild besser géif wierken (zB vun Ennen)?
JohnJ 20.08.2010 - 10:18
ech geif et nert esou vill vun Uewen huelen e bessi an d'Kneien ann dann mengen ech wier et besser, ann als Geck nach e besi mei Tafel op d'Bild wous du mat der Kreid grouss FG5 drop geschriwwen hues.. :o))
nebu 20.08.2010 - 10:51
Dat stemmt ... ech hätt do schéin Gravitatiouns Formelen kennen drop setzen dann wär et nach méi Science gewiesst smile leider hunn ech am Moment keng Méiglechkeet dat ze probéieren. unhappy
JohnJ 20.08.2010 - 13:14
maj wanns du dann Zait hues dann weiss eis dei ..
dr_kim_veis 20.08.2010 - 15:40
fannen daat mat den faarwen gudd. gesait sou technesch aus. Vlaicht wier eng blo-teinung nach gudd komm.

Waat mer net sou gudd gefaellt sin deng kompositiounen, alles en bessen onuerdentlech. Ech mengen daat hellt vill impakt ewech.
Z.B. 1 & 2: wei do am hannergrond d'heizung sou akzidenteiert an d'foto luusst. Ech fannen heizung am hannergrond ok mais dann misst se zu den linnen an der kompo baidroen.
Z.B. 3: All daat gekaabels - vlaicht haess de dei kennen iergendwei zesummenbannen? an d'Perspektiv as zimmlech schnappschoss meisseg wei wanns de einfach dropgehaalen haess. Ech wees net wei mobil dei machine as mais vlaicht haess de se kennen e bessen besser an pose reckelen oder mei eng "straight" foto maan (z.B. net sou vun uewen eroof)
Z.B. 4: Ech mengen do as naischt schaarf. deen effekt mat DoF as cool an ech mengen et klappt besonnech gudd mat deem sujet deens de ausgewielt hues (also richteg idee) mais dann muss awer och weinstens eppes schaarf sin.

just meng meenung...
nebu 20.08.2010 - 16:22
Villmools Merci fir deng Meenung.. Ech mengen jo dat ech hei mat man fir sou eng Informatiounen ze kréien an och domatter hei virun ze kommen.

Zu 1&2 dat ass mengem Aan nach net obgefallen (do muss ech mech nach trainéieren)

Zu 3 vun ënnen hunn ech mir nach geduecht datt dat villäicht nach besser gewierkt hätt.
Leider ass Gerät guer net Mobil an et kann och net sou einfach geréckelt ginn (2 Versuch hunn ech leider net méi)

Zu 4 richteg Idee smile ech haet do och besser Stativ geholl wei bei den aneren Dräi Biller unhappy
dr_kim_veis 20.08.2010 - 16:47
bei 3, wann d'maschinn net mobil as dann as et natiirlech mei schwiereg. ech geing urooden eng keier ronderem ze laafen an ze kucken waat am beschten ausgesait. Sou klengechkeeten sollt een vermeiden wei daat mat den kabelen, oder dei ugeschnidden maschinn riets, dei snapshot-perspective liicht vun uewen. Perseinlech hun ech gaeren riicht perspektiven wei hei:
!Dës Foto ass net méi am System!
mais daat as natierlech affaire de gout.
nebu 21.08.2010 - 22:37
Gefëllt mir gutt déi Perspektiv. Leider hunn ech keen Versuch méi meng Perspektiv ze verbesseren an der selwechter Scene. Den Gravimeter steht lo remm an enger Mine oder een reest remm duecht Welt.

Jo déi Klengegkeeten do ass mengt An nach net drop getrimmtunhappy awer dat kennt villäicht nach .. PS: Fotoen vun dir sinn mir do bestëmmt och behëlleflech wei sou munch aner Photo hei bei Photogen.


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 610 Gäscht online