Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Let there be life

 
Let there be life
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.06.2009
  • Gekuckt:
    33737
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    40 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    841x561
  • Späicherplaz:
    226 KB
  • Originaldatum:
    2009:06:19 16:16:45
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 24-70 2.8L
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=37243]
Kommentar vum Fotograf:
Duergestallt ass Siluette vun enger schwangerer Fra .
Den Titel ass gewiehlt well et soll en Art Planet (dofir de Stoff-"schweif")duerstellen,wou déi hell Luut Liewen soll duerstellen waat entsteht..an dësem Fall duergestallt eben duerch de Bauch.
Déi Vertiefung am "Planet" ;-) ass entstaan well Kand sech am Moment vun der Opnahme am Bauch vun der Mamm gedréint huet.
Bearbechtung ass esou gemeet dass se e bessen un een Ultraschall soll erenneren.
Ausgewielt gouf Foto iwerens vun engem Jury fir op Biennale des Art contemporain 2009 zu Stroosen.
MarcGerard 19.06.2009 - 17:09

immens flott schwanger-foto. ech muss mer se nachengkéier a rouh ukucken, mee se gefällt mer immens!
tscjoki 19.06.2009 - 17:38
Loos der Zeit,si hängt nach e puer Deeg hei closed_eye
Villmools merci fir dei Kommentar...daat motivéiert !
MarcGerard 19.06.2009 - 17:53

ech mache selwer extrem vill schwanger-fotoen. as en immens flotte sujet!
intressant as et dann 't kand, an net de bauch als sujet ze huelen. dat hues de gudd hikritt. mat einfache mëttelen. allerdéngs weess ech net ob ech se ouni déng "gebrauchsanleitung" giff selwecht gudd fannen ...
tscjoki 19.06.2009 - 18:00
Ech bewonneren deng Fotoen scho seit längerem a kann firun deenen nemmen den Hut zéien.Dofir huet mech déi positiven Kommentar och besonnech gefreet!
Stemmen der zou waat déi Geschicht mat der "Gebrauchsanweisung" ugeet...denken déi gehéiert hei einfach derzou,dofir hun ech se derbeigeschriwen. closed_eye
JADE 19.06.2009 - 17:37
mir gefällt se och gaaanz gutt,
bis op déi Dell (?) um Bauch
tscjoki 19.06.2009 - 17:41
Déi "Dell" ass wéi am Kommentar beschriwen doduerger entstaan,dass Kand sech während der Photo am Bauch vun der Mamm gedréint huet,waat mir wellkomm ass,well ech eng Art "Weltall wou neit Liewen entsteet" wollt duerstellen... cf. Kommentar closed_eye
JADE 19.06.2009 - 17:42
oh zut ... ech haat den Kommentar nët gelies ... unhappy

matt Kommentar ass se dann och ganz gutt,
ouni Kommentar eben "euh ... hmmmm ... waat ass dann do lass?"
MarcGerard 19.06.2009 - 17:55

jo, déi dell fannen ech och witzeg smile
dat as wann 't kand der mama e knutschfleck an de bauch mecht smile dat kand huet e grousse mond XD
tscjoki 19.06.2009 - 17:56
smile
JADE 19.06.2009 - 18:02
jo, bon, Ok ... ech ergin mech smile ... bei esouvill Fantasie !
dr_kim_veis 19.06.2009 - 22:55
fannen ech wierklech immens! eng foto dei op den eischten an den zweeten bleck funktioneiert. Daat gesait een net sou oft...
tscjoki 20.06.2009 - 11:26
Merci smile
MarcGerard 20.06.2009 - 11:16

elo nachengkéier: bigsmile

also een dee mat der kaul eppes kann ufänken huet secher nach ee méi flotten androck vum bauch wéi einfach esou.
vun de formen hier as se souwisou intressant, mee mech stéiert nach emmer de réck. do hues du definitiv nach künstlech nobeliicht an net genuch kniet an déng auswahl gemach.

trotz dénger erklärung mam ultraschal giff ech se nawell och gudd ouni rausche gesin.
AFG smile
tscjoki 20.06.2009 - 11:31
Nee,ass a Fong éichter de Géigendeel,si war hannen um Reck méi hell an hun se nogedonkelt.
Hun se op Diasec machen geloos op 90x60 a leider war méin Ecran net 100% richteg kalibréiert sou dass den Diasec minimal méi deischter gin ass,sou dass de de Reck baal net geseis...also éichter e bessen no dengem Gout dann wann ech daat richteg verstin.
Mee do verleeft mir perséinlech de Reck dann zevill am déischteren...
Schued dass de se net geseis,da kéins de vergleichen...
MarcGerard 20.06.2009 - 11:35

nee, mech stéiert net dass de réck hell as, mee dass ee selecttiounskniet vun der veraarbechtung gesäit. mee de réck sollt scho sichtbar sin. bei esouenger foto as de réck grad esou wichteg wéi de bauch smile
tscjoki 20.06.2009 - 11:42
Eben,dofir sin ech mat der "Diasec" Versioun och net esou zefridden.
Hmm...mee ech hun do u sech guer keng Kniet gesaat...ass eichter Grob mam Pinsel laanscht de Rand vum Bild nogedonkelt an eng liecht Vignettéierung dragemeet.
Denken daat waas du mengs sin "echt " "Speckfaalen" an der Haut vun der Mam?
Wichteg wier villeicht ze wessen dass et just eng Woch firun der Gebuert war smile
Ech haat Biet'chen mam waarmen Wasser scho prett stoen smile)
MarcGerard 20.06.2009 - 12:09

asou,bigsmile XD
puermol gesäit ee sachen déi net do sin, nemme well ee weess dass se KéINTEN do sin smile hehe smile
gloda 20.11.2009 - 20:07
Gefällt mer, flott abstrakt Foto mat coolen Téin, an d'Impressioun vun den Planéiten hätt ech vläit nach ouni de Kommentar dobäi dran interpretéiert.
tscjoki 11.12.2009 - 09:01
Thanks closed_eye
svenia 22.03.2011 - 20:28
Genial, déi haat ech ganz verpasst! Top! smile
tscjoki 24.03.2011 - 18:08
Villmools Merci,freet mech closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 449 Gäscht online