A wann et och mi wäit ass vu Rammerech iwwert Heischent, Kiemen a Welschend fir op Warken, et as awer mi relax a virun allem extrem schéin a fotogen, do ze fueren. Ech weess net, wéivill Fotoen ech do schon en pasant gemaach hun...
Gefillsméissig gefaale mir di 2 an der Mëtt besser,
fotosméissig awer fir d'icht di 4. an durno di 1.
Dëst ass also de Konträr vum Choix
tëschent dër Pescht an dër Cholera.
Ech si frou, wann di Serie hei gefällt, well ech hu scho gefaart, ech géif rem gesot kréien, d'Farwe wiere komesch. Et pour cause. Ech hun eréischt haut de Moien nom upload gemierkt, dat ech op méngem MacBook Pro am Bridge den Adobe RGB 1998 amplaatz den sRGB aktivéiert hat, fir de RAW ze "entwéckelen". Elo ass dat geännert.
Esou schéin kënnen also alltäglech Motiver um Wée fir op d'Arbecht sin.
Main Wée féiert mech all Dâag iwwer d'Areler Autobunn via Lux., an dâat ass awer alles aneschters wéi schéin.