bon do kéint ët och een Kran gewiecht sin ...
awer ët ass éischter aus deem aalen Gebai geholl gin wou ech emol geschafft hun oder awer aus deem neien Haus wou se draus gemach hun
wann ech awer d'Autoen esou kucken ... dann géing ech soen wier ët nach daat Gebai waat duerno oofgebaut gin ass
Ganz richteg, déi Foto ass indeed scho méi betagt an daat war um Balkon um lëschte Stack an dem aale Gebei... Hun dech awer nie begéint do... bon ech war och höchstens véier, fönnef mol do...
elo sin ech an deem ganz neien "Haus" ... do hannen wou déi Strooss hei féiert ... weider, weider bis bei den laaaaangen Kino ... an dann riets
an der Géigend vun den villen Monneeten ... enfin, elo sin der jo nët méi esouvill do, soen se
)
nach genau haut sin ech an der Post einfach nët eenz gin fir mäin Réckgeld zesummenzerechen, den Mann haat ët och bessi komplizéiert gemach, hien wollt um Enn vum Daag senger Mënz lassgin, an well ech nach ëmmer Problemer matt deem Eurokleingeld hun ( ... naja, dun soot ech zum Mann hien soll daat machen, nach eng Kéier ze zielen, ech géing nokucken, daat wier jo säin Job fir matt Suen ëmzegoen, mäin Job wier Piqûren an den Hänn ze hun ... dun seet deen: ma dann hun ech awer léiwer Suen an den Hänn
tjo ... waat äntwert een do? ...
ben, ech nët, nee, nee ... ech hun léiwer Piqûren an den Hänn? :-P
An dem neien Haus war ech schon mol eng Kéier kuerz wéinst mengen Liegestull-crash...
Déi Saach mat de Moneten... do hun ech mol eng e-mail kruut mam Logo vun enger Bank déi lo erëm sou héscht wéi fréier an do war ze liësen... Fort is all Ihr Geld...
... also ech hun nach eng Foto mam original Verband no mengem Liegestull-crash... vläicht soll ëch déi mol eroplueden fiir dech ze erheiteren...? Gesäit iergendwéi abenteuerlech aus...