Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

" Gebuegenhéet "

 
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.02.2009
  • Gekuckt:
    29446
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x699
  • Späicherplaz:
    324 KB
  • Originaldatum:
    virun Joeren
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=33761]
Kommentar vum Fotograf:
des Foto war schon virun e pour Joer hei um Site,
an verschiddener kennen se nach fléicht.
Ech hat se démols geläscht, a fannen lo, dat se awer
hei bei meng Sachen hingehéiert.

e Bild wou, nach emmer, vill Emotiounen drun hänken.

arwa 17.02.2009 - 14:38
stëmmt, fein dass du se narmol weis.

wann lo nach éen vun déenen zwée geif an dei aaner Richtong kucken...........
nee nee, as scho gudd sou ! closed_eye
suraki 17.02.2009 - 16:57
merci arwa,

ech hat se zwar opgezunn, an se waren superzaam,
mé gefollecht .... hun se nett, se hu gekuckt wou
se wollten *g*
kruemelatease 17.02.2009 - 14:46
D'Verärbeschtung gefällt mir hei immens an si ass och ganz ausdrocksstaark: déi kräfteg Hänn an Kombinatioun mat deenen klengen Villercher.
Passt alles!
suraki 17.02.2009 - 16:58
dat héiert é gären (-:
Shogun 17.02.2009 - 15:05
wei war daat scho rem mat dem 3te Piepmatz?.. bigsmile
an jo: d'Foto huet nach emmer net un hierem Charme verluer..
t'as a blaift en zaitlost Motif waat mei wie nëmme schéin ze kucken as..
iLike smile
suraki 17.02.2009 - 16:53
den 3ten ? ...
wéien 3ten ? ...

hehe démols has de hien iwersin,
elo vermesst du hien *gg*

et huet mech gesteiert an irritéiert dat hien verstoppt, a nemmen ugedéit war.
Et as besser en as guer net do.
Mé virwat erklären ech ausgerechent Dèr dat ? ((-:

merci!
Shantideva 17.02.2009 - 15:14
Ma, ech hat mech schon gefroot obs du se nach eng Kéier eroplueds. Voila, hei ass d'Äntwert. Gefällt mir nach emmer grad sou gudd! closed_eye
suraki 17.02.2009 - 16:54
merci, ((_:
pitchul 17.02.2009 - 16:46
Wow, super foto...
suraki 17.02.2009 - 18:01
hei och, merci (-:
TomEwert 17.02.2009 - 16:55
ech erenneren mech esou guer nach un dei photo, an daat aus guddem grond. eng genial sw photo. ausdrocksstaark durch dei genial graduation, den ongeweinlechen sujet an d leiwt mat daer d bild gemeet gin ass
suraki 17.02.2009 - 18:01
merci, dat frét mech !!
Treverer 17.02.2009 - 17:32
erinnert an Albrecht Dürer ..... super schön! .... nur halt nicht betend sondern mit Piepmätzen smile))
suraki 17.02.2009 - 18:00
danke für den Kommentar (-:
MarcGerard 17.02.2009 - 18:14

jupp, fannen se wierklech super! immens schéin smile
suraki 17.02.2009 - 19:43
merci ((_:
Poly 17.02.2009 - 19:16
zwé zart villecher an enger rauer hand super
suraki 17.02.2009 - 19:44
an och e merci fir dech!
NikonD80 17.02.2009 - 19:45
wirklech schéin Foto, Respekt...
suraki 17.02.2009 - 19:53
thanks (-:
Maimonides 17.02.2009 - 20:40
Et ass di ischte Kéier
wou ech di Foto hei gesin
a ka mir virstellen iwer wat
d'Diskussiounen, deemols,
gefouert goufen.

Do wär, (war), (ass)
Plaaz fir ën drëtten !

Just fortgeflunn, oder
nach nët ukomm ?
"Ready to go" an
"ready to come" zugleich.

A genau déi eidel Plaaz do
mëcht dat Heemelicht
vun deem Nascht do aus.

Gudd versuergt waren së !

Eng TOP Foto,
fir mech emol.
suraki 17.02.2009 - 21:15
firdéicht emol merci fir deng Zeilen hei,

ennert eis zwé lo gesot.((-:
Do hut nach en drëtten dra gesies, wou awer nemmen den
hennechten Déel mam Schwanz ze gesin war, wat awer beim
genauen hikucken gestéiert huet. Also hu ech d'Bild e bessen
vergewaltecht an hun dén aneren "Paanewippchen" erausgehol.

mé bei desem Bild as et mer schwéiergefall et ze änneren an
ze verfälschen. Et as awer effektiv besser doruerch gin.
Maxx 17.02.2009 - 21:55
Top! Absolut genial an onverkennbar! Respekt!
Jean-Jos 17.02.2009 - 22:38
Thumps up again: gutt datt's de se nees weis!
suraki 18.02.2009 - 07:15
a natierlech och hei e merci (:
suraki 18.02.2009 - 07:16
en merci un Allegueren déi sech d'Méi gin hun
eppes heihinner ze schreiwen ((-:
ludiol 18.02.2009 - 09:38
Wierklech schéin, d'Hänn soen vill aus
suraki 25.02.2009 - 21:14
merci och hei !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 531 Gäscht online