Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Verlobungsbild

 
Verlobungsbild
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.10.2008
  • Gekuckt:
    25953
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/10
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    52 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    535x800
  • Späicherplaz:
    163 KB
  • Originaldatum:
    2008:10:23 15:44:48
  • Fotoapparat:
    FinePix S5Pro
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=31234]
Kommentar vum Fotograf:

verlobungsbiller vum daniel a bea ...
OK-Photography 23.10.2008 - 20:23
helas!ech gesin waatsde gemengt hoss!
den Opbau rockt, beliichtung fum Typ och mee iergendswei fannen ech dFramensch bessi...niewensächlech beliicht sou...closed_eye
aussadem steiert mech dei giel Reflexioun iwert dem Daniel senger Scheller...closed_eye
soss awa tiptop!
gesait een ezuesch mei derfun?
MarcGerard 23.10.2008 - 20:57

nach net.
déi as quasi onverschafft, sust séier engkéier graff gefiltert ... wollt emol wesse wéi dat am groben ukënnt ...
OK-Photography 23.10.2008 - 21:07
kay!kent AMFONG gudd...as op allefall weinech gemekkers iwert dain postprocessing hai z liesen...tongue
KeeBlitz 23.10.2008 - 20:38
soll dat Feier tëschent hinnen 2 sin?? ech fannen hiren Gesichtsausdrock an Kierpersproch soen ätonguepes anescht: indifférence!Bea kuckt an de Buedem, Daniel an den aneren Eck vum Zemmer
Location as cool!!
Wéi de BP scho sot, di Reflexioun gefällt mer net sou, a firwat hues de den Daniel eleng sou freigestalt an d'Bea e besse verluer an onscharf duerch di grouss Blend?
Shantideva 23.10.2008 - 20:39
Hui, do sin e puer Sachen déi mir direkt an d'Ae stiechen... Een verbranntenen Buedem (beim Feier ass daat jo net sou schlemm, awer um Buedem stéiert et) an dann och deen Flare. An dann... uewen e bessi manner an ennen e bessi méi, oder sou, oder och net... sad
spako 23.10.2008 - 20:53
Hmm.. also ouni den Titel wier ech elo spontan net drop komm dat et sech hei em eng Koppel handelt.. ech denken aawer bei Verlobungsbiller wier daat aawer wichteg ze gesin... der Madame hier Pose fannen ech bessi komesch/onnatierlech.. gesait bessi aus wei wa si grad geif kommunizeiere goen ... dem Mann fannen ech flott gerooden...
MarcGerard 23.10.2008 - 21:02

gin der absolut recht, déi pose as e bessi onnatiirlech.
Jean-Jos 23.10.2008 - 22:42
...ech hun lo grad e Scheedungsfilm gekuckt closed_eye))
gesäit éischter aus, wéi wa se sech näischt méi ze soen hätten,
aneren Titel a si ass gutt!
gloda 24.10.2008 - 08:54
ROFL.
Rolacro 24.10.2008 - 20:49
hm... Also, d'foto fannen ech jo gudd gerooden, technesch, dats kloer. Mee ech denken och bessen wei d'spako. Ech hunn do eischter d'gefill wéi wanns du hei eng szene aus enger tragédie oder aus engem vau de ville am théâtre royal zu bréissel photographéiert häss, weest su eppes wu se sj all friem gin an dat ganzt dono virum publikum reegelen closed_eye also net ganz viel versprechend fir eng verloobung :-P
MarcGerard 25.10.2008 - 00:46

XD

déi 2 feieren eng woch lang hier hochzäit a man dobäi all dag eng aner stilrichtung... d.h. mol méi traditionell hochzäit, dann bessi méi rockeg, dann bessi méi roueg, bessi méi mystresch a.s.w. ... ech huelen un dass mer doduerch coh déi do fotoe gemach hun, well mäer hun duerno och traditionell fotoen an engem park gemach. d.h. si hun sech dat scho plusminus esou virgestallt. 't location hun se och selwer gewielt. bon, jiddefalls sin si mam resultat zefridden, dat as mol 't haaptsach bigsmile ech hätt se kënne mat engem aneren titel eropluede vir dass ee manner duergernee get smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 434 Gäscht online