Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

silverware

silverware
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.03.2008
  • Gekuckt:
    19327
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/25
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x570
  • Späicherplaz:
    73 KB
  • Originaldatum:
    02.03.2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=25434]
Kommentar vum Fotograf:
ech hun e bessi mat Forschette gespillt fir dese Concours:

"Knives, forks and spoons. We eat with them; now take a photo of one or more of these items."

de Schleek ass mer de Mueren laanscht d'Feiss gekroch wei ech mam Hond war... en huet du missen dru gleewen... deen aarmen ass elo an de Wanterschloof zreckverfall...

sidd ganz streng, soot mer waat net gudd ass...


Fast Food


Schleek
Olivier 02.03.2008 - 14:02
OOoh du ****** smile

GEfällt mer extreem gudd !!!

SUPER !!

Ech well mei mei mei smile
texx 02.03.2008 - 14:04
flott, einfach flott
JADE 02.03.2008 - 14:17
superflott !

kann een d'Faarwen vum Speedy do nët e bessi pushen? ... ass just eng Fro ... (well ech éischter een Faarwenmênsch sin)

an ... ech sin zimmlech out gin waat d'Englesch unbelangt ---> den Titel, ass do een Lien mam Schleek? ... (daat ass elo just eng perséinlech Wëssensfro ... well ech jo englesch-out gin sin ... unhappy( ... )
spako 02.03.2008 - 14:20
.. nee de Schleek hat einfach Pech de moien laanscht mech gekroch ze sin closed_eye eigentlech "misst" et emt d'Forschett goen closed_eye
d'Saturatioun hun ech express e bessi roofgesaat well ech eischter een manner fuerwegen mensch sin closed_eye
JADE 02.03.2008 - 14:32
Ok Merci ... sin berouegt ... also fir mech an mäin Onwëssen am Engleschen

dann push den natierlech Speedy nët ... smile))
Polinger 02.03.2008 - 14:58
cool cool gefällt mer, mee froen mech, weis de deen Hannergrond sou wäiss kritt hues ? (ass lo bessen domm, mee sin nach net sou bewandert op deenen gebidder vun der fotografie)
spako 02.03.2008 - 15:04
als Hannergrond hun ech 2 Kunststoffplatten aus dem Batiself benotzt, (1 als ennergrond eng als hannergrond) als Beliichtung 2 Deschluuchten an ee Bletz. Duerno hun ech nach am PS Levels an Shadow Highlights benotzt fir alles sou richteg schei waiss ze kreien...
Dan 02.03.2008 - 15:19
Gefällt mier och vum Kadrage an vum Schärfeverlaaf ganz gutt.
Du kënns ëmmer op excellent Ideen an dat bewonneren ech closed_eye
Weider esou...
galileo 02.03.2008 - 17:46
Schéin ! Also, dann mol streng:

Doduerch datt's du normal Luucht an de Blëtz gemëscht hues, ass den Wäissofgläich méi schwiereg....waat mir nët gefällt ass hannen op der Forschette dat gielt.

Soss ganz flott - de Schied vläicht nach bëssen méi staark...?

Ochiniwa 02.03.2008 - 20:31
Sinn elo ganz streng....

hmmm....

nuje.....

naja.. ass net schlecht....

villäicht dei selwecht mat engem Fresch? Ech hun Freschenhaamen leifer wei Schlecken...

nee, elo not oflenken loosen...

Mech steiert dass uewen riets d'Photo liicht Gro ass... do ass näciht waat Schied mecht, misst also och ganz wäiss sinn wei uewen lenks?....(also riets ass lenks and lenks ass riets...)

dann ganzen Schleeck mei scharf... heescht mei Blend.

ass einfach eng super Photo!
spako 02.03.2008 - 21:49
Merci smile

daat mam groen Eck war mer och schon obgefall... muss kucken ob ech dat mat den "basic editing" reegelen vum Contest hikreien... d'Shaerft ass eng kriddleg affaire hei, well wann de Schleek mei schaarf ass ass dei ganz forschett och mei schaarf (also an deenen dei ech hikritt hun) an daat fannen ech dann net mei sou flott... ech hun een net Canon objektiv mat engem adapterrang geholl fir des Foto ze maachen, hun also mat greisster Blend gezielt an schaarfgestalt, blend verklengert a schnell oofgedreckt.. dee klenge Schleek war leider oft ze schnell fir mech an dei heiten ass sou zimlech dei eenzeg dei mer vun der Schaerft an der Pose hier "tongueassabel" erschenkt...

vlait erwescht den Schleek jo nach bis muer an da probeieren ech et nach eng Keier...
Ochiniwa 02.03.2008 - 23:55
LOL, den Schleek war ze schnell :oP

Si ass einfach super, ech kann eierlech gesoot do net meckeren!
wave 03.03.2008 - 05:38
_10_ smile)
steel 03.03.2008 - 08:46
Moien
Motiv, emsetzen... super
merci
gloda 03.03.2008 - 22:05
Déi hei gefällt mir am beschten. Egal wéiengs de hëlls, huel op jiddfer fall "Fast Food" als Titel!
Kwitchibo 03.03.2008 - 22:07
hihihi sau guud!
spako 03.03.2008 - 23:03
jo, daat war och meng Wiel vun Titel closed_eye ech mengen och dat ech dei heite waert huelen .. fannen dei geschwonnge Linn vu Forschett a Schleek sou passend, och wann de Schleek e bessi mei schaarf keint sin...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 556 Gäscht online