Desen Flamingo hun ech am Zoo zu Amnéville ofgeliicht. Ech fannen et ass eng zimmlech cliché-photo.
Op dir dat elo gudd fannt oder eéischter net kent der mer gären soen.
Merci
Also mir gefällt se ganz gudd!! Vum Kadrage hier hun ech och näischt ze meckeren an waat ma och nach ganz gudd gefällt as den Hannergrond, duech den stecht den Flamingo gudd raus!
So wars du den Heipi den duech d'Vitrine gebletzt hat??
Jo, ech war den leschten mettwoch do, an do war een den duech d'fensteren d'Deieren mam Bletz geknippst huet!
mee bon, daat huet jo awer näischt mat deser Foto ze din!
Nee dat war och net leschten Mettwoch, dat hei war mengen ech virun 2 wochen meindes oder sou.
Dat wier jo eng schaan als phonogenetiker mat bletz duerch d'fensteren ze knipsen Dat géif eisem Ruff schueden hehe
ech fannen dësen Cadrage och ganz gutt, dem Flamingo seng elegant Haltung kënnt, esou, gutt eriwer ... absolut
ech haat beim scrollen den Carré gesin, an deen dun och ganz gutt fonnt ... )
wow!suppah festgehaal dei doten!
den Hannergrond keint baal aus engm Studio sen...hues joh nik gefuddelt oder?krkrkr
Bildopbau SUPAH, Faarwen fun dezent bis jaitzesch ->och GUDD an dSchärft as o do wou se soll sen!
WIERKLECH eng floot Deirenopnahm!!