Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

d'Muerte kommen

d'Muerte kommen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.05.2007
  • Gekuckt:
    22871
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/8
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    135 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    80 KB
  • Originaldatum:
    2007:05:24 16:46:01
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=18512]
Kommentar vum Fotograf:
e puer Muerten ...
Neckel 24.05.2007 - 20:19
Mir gefällt di kenstlesch Gren bei den Wutzen leider guer net, fir den Rescht net schlecht, vleicht eng bessen aner Zesummenstellung ... hm
Mojoo 24.05.2007 - 20:20
Ech wees net ob's Du deen Faarwtoun express gewielt hues mee mir erschengt d'Foto ze gielzësch/grengelzësch. Do kriss de beschtemmt nach eng mei "tongueropper", natiirlech Faarwtéinung iwwert d'Color Balance gezaubert.

Deswéideren gefällt mir d'Bildkonzept net gudd. Ech fannen dass de den Sujet net ideal placéiert hues. Ech verschtin zwar deng Idee, mee ech kann mer fiirstellen dass et schwéier ass deen Sujet wiirklech interessant eriwwer ze brengen.

Den Problem ass dass ech dir keen Rootschloo gin kann wei ech et gemaach hätt. Vielleicht kéints de et mat enger aanerer Perspektiv probéieren an nach mei "Pepp" duerch kontrasträich Téinungen an d'Bild brengen. Wann méiglech, wäer et sëcherlech och interessant mei Dramatik an d'Bild ze brengen, vielleicht duerch een Spill mat Schierder.

Ech sin gespaant ob deng Weiderentwécklung vun dësem Sujet.
spako 24.05.2007 - 21:38
Merci fier den ausfeierleche Comment! ech hun nach e puer Fotoen... ech waert da bei Geleegenheet derduerch senneren bis ech eng fontn hun dei besser ass smile ech hun den faarwtoun sou gewielt well den Hannergronn mer sou gudd gefall huet... aawer effektiv ass den Grengen Muertewutz net ganz "aartgerecht" oofgeliicht closed_eye ech waert mech drugin et besser ze maachen!
galileo 24.05.2007 - 23:30
Ech gesinn du bass och Motiver an d'Kiche sichen gaangen closed_eye

Muss awer soën datt dës Foto mech nët terribel usprecht....gin hei dem Mojoo op verschiddene Punkten Recht...
spako 25.05.2007 - 07:18
JO .. ech gin him och Recht smile ech muss mech nach drugin ...
Garry 25.05.2007 - 23:11
/removed/
spako 26.05.2007 - 14:52
Du hues et jo och vlait net onbedengt neideg dech sou laang mat eppes ze beschaeftegen... wann een et direkt gudd mecht brauch een net sou laang drun ze piddelen closed_eye bei mir trefft daat also net zou... waat een net un Talent a Können huet muss een ebe mat Ausdauer kompenseieren closed_eye ech gi mech aawer drun... ech sin well scho mei fex gin ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 436 Gäscht online