Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

fishing seagulls

 
fishing seagulls
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.04.2007
  • Gekuckt:
    29143
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/18
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x420
  • Späicherplaz:
    226 KB
  • Originaldatum:
    2007:04:08 13:07:12
  • Fotoapparat:
    DYNAX 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=17261]
Kommentar vum Fotograf:
Dat doten ass am Fong geholl knachenhuart Uarbecht an een Truppo Méiwen den famous dovun profitéiert wann de Mensch schafft.
Fir eis Landraaten sin esou Prisen awer och an emmer erem Synonym fir Vakanz.
Et woar nawell dréiw den Moien do zu Niewpoort dofir hun ech e bessen un den Fuarwpotentiometeren gedréint. Hoffentlech net ze vill?
ApplEric 16.04.2007 - 18:34
Fantastisch Foto! Also, wa mei Bildschierm richteg kalibreiert ass, dann passen d'faarwen 100%! Geseit einfach herrlech aus! Gefällt mer ganz gudd. Gudde Cadrage, technesch gudd, flotte Moment erwescht. Eben eng super Foto! Fier mech eng 10/10 wert.
elmuzo 16.04.2007 - 21:04
Merci Eric, merci fir di fuarwlech Ennerstëtzung bigsmile mee, last but not least, merci och fir däin Sturm und Drang-Score ... ech wees dat ze schätzen an anzeschätzen.
Knolles 16.04.2007 - 18:50
/removed/
elmuzo 16.04.2007 - 20:59
Merci, dat ass gutt, gutt dats du dat och esou gesäis. Mat dengem rouden Farbtupferl hues de nawell Recht... grosse weite Welt ... jep, waaat maache mer iwerhaapt nach hei?? bigsmile Merci fir däin Kommentar.
Nicon07 16.04.2007 - 21:06
Sou eng Foto as natiirléch net nei, gedu, mais dat ännert näischt un der Tatsaach, datt dest eng wonnerschéi Foto as. Déi doten als Poster bei mir doheem am Büro, ei, dat wier et...bigsmile Farfléch hues du dat ganz flott hikrott, mais de Coloris vum Schëff huet et dir jo förmléch viirgin, an de Möweschwanz hannendrun as wéi de Schwäif vun engem Komet. Eng nei Lieblingsfoto hues du mir do gepost.
elmuzo 16.04.2007 - 21:16
Dat ze liesen während dem ech am Gaang sin gemitterlech een 'Gigondas' ze genéissen ass natiirlech de beriiimtenen Balsam fir meng Séil. Ech soen der Merci fir däin net ganz objektiven an awer iweraus éierlechen Kommentar. (éierlech, well di doten Saachen kenns du jo aus dem eFeF, 'net objektiv --> idem)
Nicon07 16.04.2007 - 21:22
Da looss der e gaaaanz gudd schmaachen. A maach et net wi ech fréier mat méngem éischten Zwee Sechsanachzeger, nach Ms-Dos Computi, wou ech ee Glaas Rouden ugeteckt an iwwert an an d'Tastatur geschott hat. ... No dräi deeg Dréchnen un der "frëscher" Loft as se trotzdem neess gaangen.
elmuzo 16.04.2007 - 21:26
Harharhar, nööö, haat ech net welles, obwuel, ech kann mech do nach un esou eng Béierszenerie erenneren, mee dat woar opgereegt, während enger Partie Age of Empires mat 3 Gläichgesënntenen.bigsmile Haat elo grad een Déjà Vu.
Charly 17.04.2007 - 12:05
Absolut TOP!
elmuzo 17.04.2007 - 17:25
Merci bien, Charly. closed_eye
ChLo 07.05.2007 - 11:25
WOW...

Super schued, datt ett keng Top-Photo gin as.
Fir mech as se op jiddenfall TOP.
elmuzo 07.05.2007 - 11:32
Merci bien ... ChLo closed_eye
nada 18.06.2007 - 21:39
wow. wonnerschein...
elmuzo 19.06.2007 - 18:13
Ech danken der häerzlechst, nada closed_eye
fotofab 09.07.2007 - 22:03
Einfach super. Ass mir an denger gallerie direkt opgefall. Super fuarwen, gudd gekroppt, Méiwen sin och an enger richteger proportioun zum Scheff, keng Méiw danzt do aus der rei (duerfir kanns du elo awer neischt closed_eye ).
elmuzo 10.07.2007 - 01:21
Decke Merci closed_eye
rom 19.08.2009 - 09:30
Di do as TOP!

Näischt waat vum Haaptsujet oflenkt, absolut guer näischt.
elmuzo 19.08.2009 - 11:34
Haha ... Merci rom ... nee, effektiv do lenkt näischt oof, ech hun mäin 300er och gequält ;o)
CHEERS
MUZ

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 472 Gäscht online