D'Stemmung gefällt mer ganz gudd, d'Téinung am Globalen gesinn passt gudd beieneen. De Cadrage gefällt och, ech fannen et huet eppes chineseches wéinst dem Niwwel deen een och kéint als Smog huelen. Vlait nach eppes klenges mam Himmel maan?
Merci fir den Feedback, mee ech wees nach nët, waat ech mam Himmel ufänken kann. Do hun ech emmer sou méng Problemer. Un waat hues Du dann z.B. spontan geduercht?
Ech géif mol soen dat hängt an éischter Linn dovunner oof waat's de wells privilégiéiren. Offensichtlech ass dat jo d'Haus am Fiergronn. Deementspriechend ass et vlait besser den Himmel net ze dramatesch ze maachen fier net oofzelenken. Bon lo fier d'Ëmsetzung:eng Méiglechkeet wier en Overlay-layer just vum Himmel driwwer ze setzen an dann mat der Opacity spillen fier dat gewönschtent Resultat ze kréien. Aanrersaits kéins de och probéiren mëttels enger Selektioun vum Himmel mat Exposure virun allem Gamma ze spillen. Oder du kanns et manuell maachen mam Burn-tool fier d'Detailer erfierzehiewen an dai mai kräfteg ze maan. Am Himmel ass jo eng schéin Struktur déi awer nach net ganz eraus kent. Ech perséinlech géif op alle Fall e bessen un der Struktur schaffen an dono vlait nach en orangen Toun drabrengen.