Ech sin elo besse pingelech: Dest as vun der Konzeptioun hir eng immens gudd Foto. An dofir wurmt et méch, datt se liicht no lénks kippt. Wanns du scho PS benotzt hues, dann häss du dat kéinte riichten. Esou ee Graphismus verzeiht net. An da kéins du och nach e besse méi aus de Farwen eraus huëlen. Et as jo am Fong keng einfach Dokumentatiounsfoto, an dofir géif ech net zécken, nach e bessen drun ze manipuléieren. Do as nämléch nach ganz vill Potential dran. Huel dat eraus, du weess, wéi een dat mécht! )
Du hues jo recht me ech sin (nach) ken PS-Spezialist. Ech sin frou wann ech schons iergendwéi e bessi eppes hikréien.
Ok, ech hätt se och kinnten riten, souvill PS kann ech nun ower. Me dat ganzt Potential, wéis du et nenns, kann ech net eraushuelen, dat kann ech (nach) net.
Allerdengs gefällt se mer och esou... hues de ken klengen Tuyau wat ech do nach eraushuelen Kann?
Probéier mol mat Spitzen/Lichter (tons foncés/tons clairs; highlights/shadows) an da méchs du deen Tool op maximal Astellungsméigléchkeeten. Da kanns du separat di mi hell an di mi däischter Téin upassen, d'Saturatioun epassen an de Kontrast vun de Mëtteltéin erhéichen. An de Radius (dat heescht d'Zuël vun de Pixelen déi vun der Verännerung betraff sin. Eng aaner Méigléchkeet as mat Kurven; Amplaaz eng diagonal Linn vun lénks ënnen no riets uëwe, kanns du eng S-Kurv maachen, andeems du lénks d'Kurv liicht no ënnen zits a riets liicht no uëwen. Domat erhéichs du de Kontrast. Da kanns du nach d'Farwen upassen, an d'Saturatioun veränneren. Ech géif dir proposéieren: Maach et wi ech et gemaach hun. Probéier mol einfach alles eent nom aaneren aus, an da probéiers du ze verhaale, wat geschitt, wanns du dest oder dat méchs. Sou léiers du am einfachsten, mam PS ëmzegoen.
merci Nicon07, ech waert mech mar e beesi domadder beschäftegen, allerdengs mat aneren Fotoen (hun nach genuch Material vun esch). D'Resultat hoffen ech, waert dann besser gin.