Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The Wave panorama #2

 
The Wave panorama #2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.12.2006
  • Gekuckt:
    21095
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    54 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x563
  • Späicherplaz:
    156 KB
  • Originaldatum:
    01/Nov/2006
  • Fotoapparat:
    Canon 400D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Canon 24-70 @ 34mm
Stativ
RRS panorama head
Remote release

Fir anzesetzen: [pg_img=12777]
Kommentar vum Fotograf:
Panorama aus 9 Fotoën (3x3), dësen hoffentlech ouni Fehleren beim Zesummensetzen.

Net gecroppt, am Original 78 Megapixel grouss.
NoHa 16.12.2006 - 15:16
Ech fannen du keins Photograf fir d'Geo gin... dei hun och emer esou wonnerschein Fotoen smile.

78 Megapixel as pas mal!
Fehler hun ech keen entdeckt?!
Fir mech absolut eng TOPfoto!

nemen weider!
CK 16.12.2006 - 16:39
Merci. smile
gloda 16.12.2006 - 16:53
Ganz gudd. Ausser ménger perséinlecher Virléift fir SW bei sou Fotoen hun ech näischt auszesetzen. D'Reflektiounen klappen dës Kéier ganz gudd. Gudd gesin, mam Resultat am Kapp geknipst an gudd verschafft - ech gesin keng "Néit".
CK 17.12.2006 - 13:03
Merci - an d'Reflektioun passt hei effektiv besser an d'Gesamtbild.
Dan 16.12.2006 - 17:14
Wow! Eng immens beandrockend a extrem gutt gelongen Foto!
Wéi d'NoHa schon soot, eng absolut Topfoto!
Ech setzen nach een drop: Tip Top!
CK 17.12.2006 - 13:03
Merci smile
Rabicop 17.12.2006 - 03:01
also ech wensche jidferengem hei um site datt en emol do war, bei menger nexter U.S. rees, gett des plaatz mat ageplangt, natirlech 1 joer firdrun.
genau sou hun ech nämlech d'virstellung vun der Wave, mat besse waasser am fong smile

fannen deng panoramen emer genial.
CK 17.12.2006 - 13:10
Denken daat och - et get esouvill flott Plaatzen (net just an den USA) wou een eigentlëch hin muss. smile

Fir den Permit fir d'Wave gin 4 Méint firdrun duer, well dann gin nämlech déi 10 Permits online vergin. Firdrun geht net, an duerno muss de hoffen dass de sur-place den Daag firdrun een vun den aneren 10 Permits kris. Wanns de en Permit online wëlls *muss* de den 1. vum Mount (4 Méint firun denger Rees) owes firum Computer setzen, well "Permits for Coyote Buttes North often sell out in less than 10 minutes."

Méi Info hei: https://www.blm.gov/az/asfo/paria/coyote_buttes/permits.htm
Focus 17.12.2006 - 18:26
déi URL geet bei mir net.
CK 17.12.2006 - 20:17
Grad nach emol bei mir probéiert, geht awer (zumindest elo).

Probéier vlaicht mol mat http, net https:
http://www.blm.gov/az/asfo/paria/coyote_buttes/permits.htm
Focus 17.12.2006 - 12:00
Dës Fielsen sin natirlech ëmwerfend. Awer och den Cadrage an Spigelung am Wasser machen heirauser en "tongueiece of Art"

Zesummensetzen vun 9 Fotoen as crème!

Och wann den Schied-Fleck riets mech nerft as se fir mech TOP!

An flotsten bei dëser Kreatioun as fir mech Spigelung vum Himmel déi en flotten Dreieck am Wasser eremget.
CK 17.12.2006 - 23:33
Thanks.

Ech haat bëssen gewaard fir dass de Schied soll verschwannen, mee ierjendwann war esouwuel de Schied wéi och déi gudd Luucht fort (well heeschen, bescht Zeit an der Wave ass spéiden Mueren).
Vince_M 17.12.2006 - 12:15
SIMPLY GREAT PICTURE....

CONGRATULATIONS.
VINCE
CK 17.12.2006 - 23:33
Thanks smile
Johny 18.12.2006 - 23:10
Staark Foto an ech hoffe fir mäin Deel dass se als Topfoto geholl gëtt. Et feelt nemmen nach ee Vote fir genee ze sinn, wen wees ech net, an wann ech et wéisst geif ech et natirlech net soen smile
CK 21.12.2006 - 21:29
Anscheinend war se net gudd genuch. unhappy
Johny 21.12.2006 - 21:41
Ass jo egal, ännert näicht drunn dass se gutt ass smile
CK 21.12.2006 - 21:46
Also mir gefällt se nach ëmmer sou gudd wéi virdrun och, an se wärt an mengem Appartement och relativ sëcher geschwënn un enger Wand hänken. smile
kola 19.12.2006 - 22:06
Wirklech eng impressionnant Foto, déi ët onbedengt verdengt als Topfoto gewielt ze gin !
Ech hoffen dann och emol ...
CK 21.12.2006 - 21:31
Leider vergebens...

Trotzdem merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 652 Gäscht online