Hm, majo, ech fannen di Fotoen am Generellen net schéin, well et su total onatiirlech wiirkt, zumools well et hei su vill ass. Net iwwerdriwwen kennt et na märchenhaft riwwer, mee des gefällt mer guer net, genee wei di aaner. Wat ech awer flott fannen ass deen groussen Kontrast tescht schaarf an fleissend.
Et ass awer eng schéin Plaatz!
Nja, dat ass meng Meenung, lo nemmen vun Affaire de Goût, well vum Rescht hun ech (nach) keng Ahnung!
Jo OK wéis de soos, Affaire de gout, mee ech wëll nach eppes derzou soen: Wann een se einfach normal beliicht, da gin se éischter langweilech, a wann een et just bessen méi laang beliicht, dann gesäit een eben dass et souzesoen den Ufank kritt vun sou 'ronnen' Formen, an et fällt op am fong dass et éischter eppes wéi eng Mëschung ass tëscht normal a laanger Beliichtung...
Wéi laang ee muss beliichten hänkt dofun oof wéi d'Waasser do op der Plaz leeft/fällt. Hei ass et eben sou wéi ech et grad erklärt hunn :/
Mee awer merci fir däi Kommentar!
Ech hun waat d'Faarwen ugeet just duerno nach am Aperture d'Faarwtemperatur selwer agestallt, an data gesin ech effektiv net als Bearbechtung un
Freed mech wa se der, besser wéi déi aaner, gefällt
Schein
OK....bessen mei ausgebaut geet et och nach :
fannen d'Faarwtéin ganz flott, well et eben den Hierscht eriwwerbrengt ;
d'Waasser daat fléisst gesait och ganz gudd aus (hues de daat mat der Laangzait sou hikritt oder wei??? o0) an de Bléckwenkel gefällt mer och
well done *fg*
Fannen déi heiten eigentlech ganz gudd sou, deen Effekt mat der Laangzäitbeliichtung beim Waasser gefällt mer amfong emmer zimmlech gudd, d'Faarwen sin hei och ganz flott an 't ass am groussen ganzen mol bessen eppes aanescht well een, wann een de Schiessentümpel an enger aanerer Jooreszäit fotograféiert, praktesch nemmen gréng Faarwen kritt.
Daat eenzegt wou ech selwer net wees op et mer gefällt ass dee grousse Steen fir, iergentwéi stéiert en mech mee aanerersäits wier et ouni Steen och bessen eidel... ('t wier jo och onméiglech geweescht dee fortzehuelen, mee jo, kA ).
Mee hun awer eng Fro, also ech hun och scho relativ dachs do Fotoen gemaa mee ech hun emmer soueng Art DRI missen maachen well d'Faarwen vun de Steng an vum Gréngs rondrem emmer extrem blatzeg gin sin soubal ech méi eng laang Beliichtungszäit geholl hun... Ass des Foto sou "original" oder hues de déi och aus zwou zesummengesaat? Oder vläit d'Faarwen am Photoshop verbessert? (ass warscheinlech eng domm Fro, mee wees wierklech nie wéi ech daat do maachen soll =/).
Am PS maachen ech eigentlech näicht äusser méi kleng maachen an durno liicht noschärfen fir déi durch d'Verklengerung verlueren Scärft bessen zréck ze kréien. D'Faarwen, wéi scho lo grad an enger äntwert gesoot, sin net vill verännert ginn, oofgesinn dofun dass ech d'Faarwtemp. manuell um PC gewielt hunn. Waat ech just nach gemaach hun, ass d'Schieter méi hell gemaach, daat geet och am Photoshop ... Dann gi just déi Beräicher déi däischter sinn méi hell, an de Recht bleift zimlech sou wéi en ass.
Zum Steen: Ouni den wir d'Foto net sou, ech wollt e jo grad sou drop hunn, sou wéi den No_Saint et erklärt huet, eng Kéier eng Foto wou net direkt de Schéissendempel u sech d'Haaptmotiv ass.
Gefällt mer gudd déi hei. Duerch de Steen am Fiedergrond krisst eng schéin Déift an d'Bild an d'Bild gëtt méi pondéreiert an dem Sënn dass hei nët alleng den Dëmpel als solches zielt, mée den Dëmpel ass intégréiert an d'Fielslandschaft vum Mëllerdall. Et ass eng aaner Approch zu dene bekannte Biller, an Ech fanne sie ass gelongen.
Mengen och nët datt daat hei en DRI ass . Wann'ste een dréiwen Dag ërweschs , wou d'Hellegkeetsënerschidder vun Uewen an Ennen ausgeglach sinn dann ass de Problem vun der Iwerbeliichtung nët esou grouss (oder ët hëllt een en Groverlaaffilter).
Also d'Luucht war net immens gutt do ënnen, mee grad dofir war se och relativ gläichméissech verdeelt, soe mer mol sou.
Freed mech dass de gutt erkenns wisou ech d'Foto am fong genee esou gemaach hun