Wat deng Remarque mat der Musik ugeet, esou hunn ech dëse Summer misse feststellen datt méi wéi een SciFi-Film sech un der Natur inspiréiert huet wat hieren angeblech Monsteren uginn!
Hmm, also ech fannen dass daat biss elo dei beschten Headerfoto ass.. gefällt mer gudd, giff mech awer mol Intresseiern wei et oni Scanlines ausgesait.
Ech hunn d'Originalbild an zwee geschnidden, eben mat de Linnen. Duerno hunn ech dat een Hallefbild e bessi méi breet gemaach an esou gereckelt, datt de Kaap awer schaarf ass. Dat kanns de der hei ukucken:
Zu gudder läscht hunn ech dunn nach d'Saturatioun vun deem engen Hallefbild em 10 erhéischt, wouduerch d'Faarw méi grell ginn ass.
Kuck der einfach déi verschidden Etappen hei un, dat kanns de se gudd madeneen vergläichen:
Déi ass wirklech net schlecht, mee mech stéieren déi horizontal Linnen déis de drann hues. Daat ass schonn Digital Bearbechtung, déi awer eis sollt virbehaal sin denken ech emol . Wanns de wëlls kanns de se jo nach eng Kéier roplueden ouni déi Linnen
Wann mäin Header sollt d'Éier kréien fir gewielt ze ginn, an dir eng aaner digital Beaarbechtung wellt maachen ass dat jo kee Problem. Hannert dem Link deen e bessi méi déif steet stinn jo alle Biller ...