Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cefalu

 
Cefalu
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.09.2006
  • Gekuckt:
    23851
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x581
  • Späicherplaz:
    191 KB
  • Originaldatum:
    2006:06:04 15:35:42
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=9795]
Kommentar vum Fotograf:
op Sizilien am Duerf Cefalu
Olivier 08.09.2006 - 14:12
Wow... super Alain... wierklech super schein... kadrage top, rumm top, faawen top, motiv top, meteo top, wellen top... einfach nemmen schein... super...
Ech hätt vllt nemmen 4mm mei noo riets dobai gemaa... dann ass et mei symetresch ... dann ass iwerall den selweschtren spalt zweschen den haiser an der rumm...
alma 08.09.2006 - 14:50
tjo deng idee ass net schlecht fir foto bessen no riets ze cadreieren, mee do war foto zimlech onroueg d.h. do waren puer reien still obeneen gestapelt a.s.w
Olivier 08.09.2006 - 15:22
Ok.... kann een net wessen... mee... trrozdeem... eng super schein foto
JADE 08.09.2006 - 16:31
Den Cadrage gefällt mir gutt esou wéi en ass .....
an fir den Rescht huet den Olivier schon zimlech all Begrëffer gebraucht déi ech dir wollt matdeelen ..... dann bleiwt mir nach just ze schreiwen:

"Genau esou ...... an nach méi esou!"

* edit (e bësschen méi spéit):

an ech fügen derbäi ....... deen roud-bloen "Farwtupfer" gëtt deem Ganzen den "Sahne-Tëtonguepelchen"!


* edit bis (nach e puer Stoonen méi spéit):

flott ass och, dass déi rout an brong Faarwen vum Vierdergrond (am/beim Holzhaisschen) sech deels um Handduch an deels un den Fassaden vun den Reihenhaiser erëmfannen
Nicon07 08.09.2006 - 16:37
Ech widerhuële méch jo bestëmmt, mais mat de Kadragen as et wéi mat de g & c. Diskutabel an dofi diskutéiert een net driwwer. Mir maachen dachh alleguer all Dag Fotoën, an da wësse mer datt et deen ideale Kadrage nëmmen eemol bei 100 oder méi prisen gett. Och mam cropën as net emmer all Problem geléist. Méch stéiert dee Manktum u Symmetrie eigentléch net. Vill méi fannen ech de gesamtandrock vum Bild vill méi wichteg. An deen as hei immens gudd. Kompositiounstechnesch souwuël als och farwléch stëmmt et an dësem Bild. Ech genéissen et di Foto hei mi laang ze kucken.
Lutum 08.09.2006 - 18:32
ech kann mech dem olivier nemmen uschleissen, heen huet am fong schon alles gesot. Dat eenzegt wat mir net gefällt as dei ellen schwarz Rum. Weiss hätt mir fill besser gefall, awer dat ass jo rem g & c... closed_eye
rom 09.09.2006 - 21:24
Si as wirklech flott. Dee brong-bloe Schapp an daat rout Boot brengt réischt di richteg Stëmmung an d'Bild. Gudd gesin. Op mecht wirkt se irgendwéi e bessen kromm, hängt e bessen no riets. Mee kann och Täuschung sin.
Dan 10.09.2006 - 21:48
Sou fototechnesch wéi déng Foto virun mier schon kommentéiert gouf, kann ech sécher nët mathaalen...
Dofier wollt ech dier just soen dass mier déng Foto immens gutt gefällt, an fier mech e Parade beispill vun guddem Cadrage an excellenter Farwkompositioun ass (c.f. JADE -> bloen "Farwtupfer"closed_eye
Super!
alma 10.09.2006 - 22:40
merci merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 660 Gäscht online