Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

quit livin' on dreams!

 
quit livin' on dreams!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.11.2023
  • Gekuckt:
    2848
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x890
  • Späicherplaz:
    565 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon FM2
  • Programm:
  • Objektiv:
    AI-S 24mm 1:2,8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92899]
Kommentar vum Fotograf:
Neen, ech si keen Gin-Drénker an dat hei sin déi Fläschen, déi ech esou am Laaf vun der Zäit geschenkt kritt hun. Ech hu just dat Arrangement hei fir een Experiment gemaach. An zwar: mäin éischte "Stand-development" vun engem Film.

Ech hat ee Wolfen NP-100 bei ISO 200 beliicht an duerno 60 Minutten am Rodinal 1+100 "am Stoen" entwéckelt. Also d'Entwécklerdous stoung eng Stonn roueg do rëm. Fir déi, di nit wësse, wat "Stand-development" ass: et hëlt een een Entwéckler (Rodinal eegent séch exzelent dofir), et verdënnt eenen zimmléch héich (1+100) an da schëtt enn dee bei 20°C an d'Entwécklerdous mam Film dran. Et schwänkt a kippt een dat ganzt während 60 Sekonnen an da stellt een di Dous op eng Plaz (20°C plus minus) an et vergësst een se do mol 30 Minutten. Do kippt een di Saach neess 4 Mol an da stellt een se nach eemol fir 30 Minutten roueg dohinner. Duerno schëtt een den Entwéckler an de Recyclingbehälter, wäscht de Film mat kloerem Waasser aus (et muss een nit onbedingt een Acid-Stopper huelen) a fixéiert e ganz klassesch mat engem Fixbad fir e puer Minutten. Wat bewierkt déi Method? Am Ufank entwéckelt de Rodinal di stark beliichte Plazen vill an ass geschwënn "erschöpft", a well en dann do, wou e schon entwéckelt huet, stagnéiert, hält en do op mat Weiderentwéckelen. An da kann de Rescht Rodinal gemittléch di net souvill beliichte Plaaze weider entwéckelen. Sou kritt een am Idealfall méi Detailer an de Schieder an de Grain gëtt och nit sou stark. Awer ënnert der Bedingung, datt een au départ och richteg beliicht.
Knipser 17.11.2023 - 17:30
Eng ganz interessant Erklärung, virun bâl 30 Joer hät ech eppes domat ufänken kennen, awer de Vergréisserungsapparat steht nach um Speicher, vieleicht...
Nicon07 18.11.2023 - 10:55
Ech soen dir och ee grouse Merci fir däi Kommentar.
gunman 17.11.2023 - 18:01
Schéint Experiment, daat och gelongen ass.
Do gesait een allerdengs och gutt wéi déi ganz Technik vum photographéiren sech entweckelt huet. Hautdesdaags kriss Du esou eng Photo digital an eventuell nach mat Nobearbechtung am Photoshop innerhalb vun 10 Minuten hin. A ech schwätzen emol nach net vun enger KI Behandlung, déi och eréischt an den Kannerschong stecht.
Wanns Du dech fréier bei der Belichtung oder soss enger Astellung geirt hues, dann hats Du Pech. Ech hun vill Hochzaiten analog photographéiert, an daat wor all Kéiers wéi en Examen wann ech déi färdeg Photoen am Buttek ofgeholl hun. Entweder gepackt oder duerchgefall. Fir den Blutdrock wor et jiddenfalls net gutt...
Nicon07 18.11.2023 - 10:55
Ee grousse Merci fir de Kommentar.
Chewie 20.11.2023 - 19:52
Schein Foto.
Analog an selwer Entweckelen daat war nach Handaarbecht.
Ech hunn och mat analoger Fotographie ugefaang mee leider nie selwer entwëckelt.
Et war trotzdem ëmmer spannend wann de Film am Fotogeschäft an der Belle Etoile färdech war an een d'Resultat dann vir d'eischt gesinn huet.
Nicon07 20.11.2023 - 21:07
Merci fir de Kommentar, Chewie.


Ech hu fréier och ni selwer entwéckelt. Ech hun 2019, mat 56 Joer, mäin éischte Film selwer entwéckelt, noutgedronge, well ech an der Schoul, wou ech deemols nach Course gin hun, eng Optioun Photographie argentique kritt hun, an ech nit wollt de Schoulbudget iwwerméisseg belaaschte, wann ech de Schüler*innen hir Filmer (wou vill schlecht beliicht a verwackelt Fotoen dobei waren) an engem Labo entwéckele gelooss hätt. Dofir hun si och just zum Schluss vum Semester ee farwege Film knipsen dierfe, wann ech sécher konnt sin, datt op mannst 30/36 Fotoen an der Rei konnte sin. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 529 Gäscht online