Stëmmt, déi brengt et net. Kuck dass de e grousst schwaartzt Zeechenblatt fir den Hannergrond kriss, grouss genuch fir dass de soss naischt hannert dem Motiv gesäis. An dann nemmen NET em 90 Grad diebelen soss gesäit een de Kneck. Ech sen och net deen Studiofotograf, hei gin et der secher dei dir nach méi Tipps kennen gin.
Da kucken ech mol, sou eppes ze fannen. Oder ech maachen et am neie Lightroom mat der Funktioun: masquer - arrière-plan. An da maachen ech dee ganz schwarz. Dat geet och.
Schéi Foto hues du do vun de schwiewenden Äpel.
Wanns de däin Duch méi wäit no hannen hängst an mat oppener Blend schaffs kéint et en bëssen besser ginn an villäicht nach en bëssen dozou bäi droen keen ganz uniform schwaarzen Hannergronn ze hun. Waat d'Foto un geet fannen ech dass d'Quidd ze vill Dominant as, an och den Kadrage en tick ze eng as. Villäicht wier et besser gewiescht vun uewen lénks ze fotograféieren, dass den haapt Sujet besser zur geltung kënnt.
Ech hoffen dass d'Glace nom Shooting nët geschmollt war fir dass du se nach konnst genéissen.
Stillleben ass e ganz dankbare Sujet, et kënnt een net dolaanscht sech mat den
"Alten Meister " ze beschäftegen fir dass se glaubwürdeg eriwwer kommen, egal op
et sech em en Ölgemälde oder eng Fotografie handelt. De Wuff huet eigentlech alles gesoot waat relevant ass. Ergänzen kann een nach soen dass d'Luucht deemols och vun der Seit koum an éischter diffus war.
Merci, fir déng Ureegungen. An nach ee grousse Virdeel vu Stilleben ass och, datt een séch Zäit huele kann, fir alles ze arrangéieren. Suguer mat enger echter Glace (an nit mat enger chemesch behandelter, di nit schmëlzt, wéi op de Fotoen an den Héichglanzzeitungen). Ech hun nach Quidden, nach Granatapel a Glace natiirléch och nach. Deemno, affaire à suivre...