All Fotoen an dëser Serie:
Fotograf:
Eropgelueden: 23.10.2023
Gekuckt: 2789
Favoriten: 0
Kommentarer: 4
Originaldatum: 23.10.2023
Fotoapparat: Nikon Z 7
Objektiv: Z24-70mm f:4
Kommentar vum Fotograf:
Wann d'Wieder sou sch... ass, datt een séch nit mam Fotoapparat eraus traut, da mécht een alt dobannen e puer Biller! Ech hun haut de Mie bei am Gaart mol d'Patate douce an Topinamburen erausgeholl an och nach e puer däischter Muerten. Do ass mir d'Iddi komm, ee "roude" Plat ze kachen an deen ze knipsen. Ok, sou vill roud ass dann awer nit op der Foto, mais dat huet domadder ze din, datt bei der Patate just d'Schuel roud ass, bei der Muert di roud farf bei Wäschen zum Deel ofgeet an d'Topinambour just réi a mat Schuel roud Plazen hun. Di roud Ënne sin och just bausse roud. Dofir hun ech da Riso nero gekacht an d'Coquilles Saint-Jacques mat Piment d'Espelette a Cognac "roud" agefierft. Da sin nach brong Chanpignons drop a roud Mangoldstaangen. Leider si mir d'Punkte mat den zwou Zoosen (Jus de cuisson vun de Coquilles a Kachwaasser vum Räis) zerlaaf, well den Teller eng kleng Pente no bannen huet.
Den Dessert ass, entgéint wat ee kéint mengen, alkoholfräi. Dee "Likör" ënnert der Galettes ass ganz banal Molbiersaaft mat Hieländerbléiesirup. Uewendrop ass eng selwer gemaachen Äerdbiesglace.
|
|
Neisten Benotzer:
JaviAm Ganzen:
3725 keen Benotzer an
576 Gäscht online