Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Graupapagei

 
Graupapagei
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2023
  • Gekuckt:
    5139
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1232x1076
  • Späicherplaz:
    608 KB
  • Originaldatum:
    8.8.2023
  • Fotoapparat:
    Canon R10
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon 70-200
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
2. Kategorie: Déieren »» Hausdéieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92723]
Kommentar vum Fotograf:
Fotografeiert am zoo amneville
pixelman11 16.08.2023 - 11:27
esouvill Rauschen ? wéi ass dat méiglech Eric ?
Paul-H 16.08.2023 - 13:42
Froen ech mech zwar och....
wuff 17.08.2023 - 11:37
Héigen ISO wahrscheinlech, an gudd gecroppt. Den Eric wärt ons do bestëmmt opklären.
Nicon07 17.08.2023 - 15:49
Besonnesch wou zanter dem läschte update vum Lightroom et eng Entrauschungs-KI gëtt, déi aus enger 25000 ISO-Foto eppes rechent, wat kéint 200 ISO hun.
Paul-H 17.08.2023 - 21:32
Daat geet och mam Topaz Denoise oder Topaz AI wann een net déi leschten LR Versioun huet. Ech schaffen nach emmer mat LR 5.7!
Nicon07 18.08.2023 - 08:58
smile
Paul-H 17.08.2023 - 00:34
Wéi bal emmer, keng Reaktioun, keng Erklärung. Eric sou fonktionéiert photogen net! Wanns de Bemierkungen zu enger Foto kriss wir et vleit ubruecht ze entweren. An net, wéi bei denger leschter Foto vum Aaf aus dem Zoo se einfach ze läschen. Daat ass ze einfach. Ech well hei net den Oberlehrer spillen mee sou geet daat net.
Eric_1989 17.08.2023 - 19:22
ech hun dei camera nach net lang smile hun mat tv fotografeiert an hun och duech fenster fotografeiert mam 70-200 blend 2,8 an muss nach bessen üben wei ech meng camera muss astellen virdrun hat ech eng mat spiegel dei ech elo nach emmer hun smile mä wollt R10 mol mat huelen
Paul-H 17.08.2023 - 21:30
Daat ass fir een deen schon sou laang Fotoen mecht keng Excuse, deet mir Leed.
Nicon07 18.08.2023 - 08:57
Dat huet nit vill mat "nach übe mussen" ze din, Eric. All Kamera mat Optik reagéiert plus minus t'selwécht. An een Ëmklamme vu Spigelreflex op Mirrorless ass keng Ursaach, fir manner gutt Fotoen ze maachen.

Du hues selwer geschriwwe, wou hei de Problem läit:

Tv hëllt ee just fir Opnaame, wou d'Vitesse prioritär ass, an nit an de schlechte Liichtkonditioune vun engem Zoo. Ech huelen un, du hues eng kuurz Zäit gewielt, fir nit ze wackele bei 200mm. Mais - an dat soen ech als Nikonist - Canon huet ee performante Vibratiounsreduktiounssystem, sou datt s du scho roueg kanns mat 1/125 oder suguer 1/60 aus der Hand bei enger Telebrennwäit fotograféieren. closed_eye

Wann een duerch eng Fënster fotograféiert, huet een automatesch Reflexer a Liichtverloscht, déi séch op der Foto bemierkbar maachen. Ouni vum falsche Wäissofgläich ze schwätzen.

Bei deene meeschten Objektiver, och deenen neien, ass Oppeblend ni di bescht Léisung. Mindestens eng Blend méi zou maache, fir optiméiert Resultater ze hun, wier do schon ubruecht.

Lued einfach di näxte Kéier deng EXIF-Date mat rop, da kënne mir dir hëllefe, fir ze soe, wou de Problem läit!

An dann denk drun, datt s du jo awer scho vill schéin a gutt Fotoen an déngem Liewe gemaach hues an hei op PG gewisen hues. Du kanns et jo!smile

Eric_1989 18.08.2023 - 17:17
ok dann maachen ech dat smile mä hat mat av probeiert fotoen zemaachen smile mä dat geet net gud gin net enz dabei smile mä wes ech wärt an zukunft dat machen mä wou den paul emmer muss schreiwen fannen ech net an der rei emmer remarken maachen am platz soen hei eric do muss du op passen smile do ass net gud smile
Paul-H 18.08.2023 - 21:59
Waat genau war dann net an der Rei vun deem waat ech geschriwen hun? Du bass schon laang derbäi, du misst et mettlerweil besser beherrschen.
Wéi den Nico schon soot: Lued dach endlich EXIFEN mat rop, ouni déi ass et quasi onméiglech Tipps ze gin. Du soos mir eng Kéier dass de och Lightroom benotz mee deen fresst se net. Mat waat schaffs de dann? Daat ass nämlech och wichteg ze wessen.

Eric_1989 20.08.2023 - 17:13
mam Lightroom
Paul-H 20.08.2023 - 17:52
Deen fresst awer keng EXIF Daten, wéi ass daat méiglech? Verschaffs du deng Fotoen vleit nach mat engem aaneren Programm éiers de se an de Lightroom ran hells? Oder hells du selwer EXIFEN raus wanns de hei rop lueds?
Eric_1989 20.08.2023 - 19:16
nee fotografeieren mam CR3 an mam lr aktuell versioun
Paul-H 20.08.2023 - 19:47
Do stemmt eppes net, kann et sin dass d?in LR irtemlecherweis sou agestallt ass dass en keng EXIF Daten mat ofsp?ichert ? Ech haalen mech bewosst sou drun well et wichteg wier ze wessen wievill ISO des Foto huet.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 559 Gäscht online