Neen de Reeër war sou grouss wéi se mir och hei kennen. Ech hun keng aaner Erklärung wéi dass déi 300mm Brennwäit desen Effet ervirbrucht hun.
Des Foto wollt ech weisen wéinst dem Kontrast tëschent Natur an dem Tourismus.
Et gesäit een d'Hëtztflimmeren an ech denken, dat ass zesumme mat der Brennwäit, responsabel fir ee Luppeffekt. Sou ähnléch, wéi beim Supermound, wann dee riise grouss iwwert dem Horizont steet. Et ass op alle fall witzeg.
Datts du dee krasse Géigesaaz tëscht den Touristen an dem Vull weise wollts, dat weess ech. Dat ass op alle Fall gegléckt a reegt Gedanken un.
Merci.
Charca zu Maspalomas ass en Naturschutzgebiet, direkt bei den berühmten Dünen an dem Strand. Et gett ganz streng iwerwaacht dass keen Mënsch do ran geet. Et ass dofir souzesoen eng fridlech Koexistenz tëschen Mensch an Déier.