Ech wéisst just gäre, wat engem sou duerch de Kapp geet, wann een do uewe steet a weess, datt ee fir erof muss duerch décken Niwwel goen. Et war mir schon net egal, wéi mir eemol vun Einsiedeln op Biberbruggiwwert geteerte Weeër am décken Niwwel gewandert sin.
Op de Biller gesäit dat elo op Distanz fläicht méi spektakulär aus, ech hu mir awer hei kee Kapp misse machen, schéi Wieder, ee ganz normale Wanderwee, zwar ustrengend bei Plusgraden a gréisstendeels am massive Schnéi, dovir vu ville Wanderer déi deen Dag ënnerwee waren eng bequem an ausgetrëρρelt Spuer.
Respekt! Bal wéi um Dach vun der Welt, um Everest ass et bestëmmt net méi schéin, mee hei konns du wéinstens uewen d'Vue genéissen waat um Everest jo bekanntlech guer net méiglech ass. Merci fir d'Weisen grandios Opnamen, Marc
Jo, d'Vue war scho beandrockend, an dat Ganzt bal 4 Mol manner héich wéi den Everest. Chance hat ech deen Dag mam Wieder a mam Héichniwwel, an en plus och nach di eng oder aner vereenzelt intressant veräiste Schnéiskulptur déi no massivem Schnéi eng Woch virdrun iwwreg blouw.