Ech hu mir fir mäin Handy de Cor vum Postbus als Schelltoun mam GarageBand gemaach. Do dièze - mi - la. Deen Dräiklang soll aus der Wihelm Tell Ouverture vum Rossini inspiréiert sin.
Dofir hun ech m?in iPhone an der Schwaeiz ?mmer op "mute".
By the way: Wi mir 2006 zu Grindelwald waren an do mam Bus gefuer sin, a wi deen dunn an enger oniwwersiichtlecher Keier getuut huet, huet eise Matthieu (deemols 4 Joer aal) haart durch de Bus geruff. "'t ass ee Schwaizer Bus"... Hilarite generale bei deenen aanere Passageier...
Jo, anscheinend ass do zu Andermatt an Ëmgéigend méi dacks schlecht Wieder, wéi gutt. Op alle Fall sin do zimmléch dacks Donnerwiederen. Wat ech guer nit super fannen, well am Fong wollt ech näxte MëttwWoch, wa mäi Jéngsten zu Zürich de Prestudyevent op der ETH huet, mat séngem Brudder, deen elo do séng Bachelor-Exame färdeg huet, een Ausflug op den Oberalppass an den Tomaséi maachen. Mais et ass Reen a Wiedere gemellt...