Ech verstin nit, wisou hei nach keen eppes geschriwwen huet. Mais bon!
Wann dat heiten soll ee Verscuh vun engem Street sin, dann ass dat, fir méng Begrëffer, een zimmléch gudden:
1. D'Opdeelung vun den Elementer am Bild ass gelongen.
2. De Kontrast tëscht der Fra a schwarz an dem Mann hanne mam wäissen Hiem gefällt,
3. De Gréisstenënnerscheed vun den zwee Personnagen
4. D'Ongewëssheet, ob séch de mann an enger Vitrine spiggelt (an da stellt séch d'Fro, wou bass du als Fotograf), oder obs du do am PS e Collage gemaach hues.
5. Dee Wupp vum Schëld vun der Spuerkeess, wou just l'Etat steet, an domadder Interpretatiounsspillraum opgeet. Op wat fir een Zoustand, oder wat fir ee Staat wollts du uspillen?
6. Déi demontéiert Elementer vun der Façade, déi maachen, datt dat Gebei een delabréierten Androck mécht, an datt een dat kaum mat eiser Stad a Verbindung bréngt.
Dofir: Mir gefällt déng Foto an den S/W passt hei ganz exzellent.