Immens Déift am Bild.
Mir gefällt richteg gutt, wéi de Sonnenënnergang gebrach gëtt un der Biergspëtzt op ongeféier 0375 an domadder eng Diagonal ausléist, déi gefillt, bis un d'Wollék op 0075 gheet.
Ganz speziell, awer herrlech Marker.
Flott ewéi den Sonnenstrahl an engel Linne mat der Kondenssträif steet, déi allen béid dann och nach paralell mat dem rechten Hiwwel sinn. An an der Mëtt déi douce Déift déi daat ganzt ofronnt.
Dat do erënnert méch u méng éischt a bis elo leider och läscht Midnatsol u Bord vun der MS Polarlys. Erstaunléch, wéi séch dach sou verschidde Géigende vun der Welt op Fotoe gläiche kënnen.
Awer déng Foto ass egal wéi immens uspriechend. Di ugedeiten Diagonal surch de Schied vun der Biergspëtzt an der Verlängerung am "Chemtrail" mécht een Aspekt aus, awer och di Bichromie (Schwarz loosse mir op der Säit, dat as keng Farf) tëscht giel a blo.
Genee esou. A wéi schonns dem Georges geäntwert war dëse Spektakel, wou d'Sonn hannerem Niesen verschwënnt innerhalb vun enger Minutt aus an un.
Merci Nico