Kommentar vum Fotograf:
Haut hun ech dann och eng Pentax S2 geliwwert kritt. Ech hu schon ee Kodakt TMax 100 derduerchgezunn an entwéckelt. Deen hänkt hei niewent mir am Gank ze dréchnen.
Cool mat sou engem Apparat vun ëm 1960 (also liicht méi aale, wi ech) voll manuell ze fotograféieren ouni Beliichtungsméisser a mat permanenter "Abblendschärfevorschaufuktion". Dat heescht, et gesäit een am Sucher durch di agestallte Blend, an net, wéi bei mi neien Apparater übléch, durch eng Offeblend, déi beim Ausléisen zougeet. Scho praktesch, och wann d'Sucherbild net dat hellst ass.