Exzellent Tounwärter a Cadrage, besonnesch dat decaléiert Emplacement vum Gebäi mat den diagonalen Fluchtlinnen vun deenen zwou Gaassen. En plus alles an allem top ausgeriicht, ..eben esou wéi vun Dir gewinnt Georges.
Chapeau..!!
Merci Marc fir deng déifgräifend Bildanalys a fir de fav, et ass ëmmer eng Freed deng Kritiken op PG ze liesen, besonnesch bei sou groussem Luef. Ech sin iwerzécht wann een deng Kommentaren géif a Brailleschrëft iwersätzen, da kéint esouguer e Blanne déi vun dir kommentéiert Biller gesin, oder zumindest eng präzis Virstellung dovun hun waat a wéi et gewise get.Och daat gehéiert zu der Fotografie waat villen net bewosst ass oder net beherschen, ech jiddenfalls di méch schwéier domat. Dufir mäi grousse Respekt an Unerkennung.