Kommentar vum Fotograf:
Haut de Mëtteg war ech an der Stad eng Commissioun maachen a well ech de Fotoapparat bei mir hat, hun ech vun den Testfarte vum neien Tram profitéiert, fir déi ze dokumentéieren vun der Gare bis op d'Stäreplaz. Di meescht Fotoe si just fir spéider eemol historesch wertvoll ze gin, awer datt grad an deem Moment, wou ech op der Neier Bréck ënnerwee war, d'Wolleke séch gelicht hun an eng herléch warm Luucht vum Sonnenënnergang d'Kathedral an d'Spuerkeess ugestral huet, an ech grad de 24-120mm bei mir hat, a grad keen Auto a kee Bus mir virun den Tram gefuer ass, dat ka jo bal nëmmen der Göttin Photographia ze verdanke gewiescht sin...