Ganz flott an interessant Géigeniwerstellung digital/analog, woubäi ech och mol misst eng LZB analog machen vun dem Sujet. Mam Schwarzschildeffekt ass daat awer net esou evident an hun schon so muenchen 120er Film verschwengst ouni Resultat. Ech hun mer awer lo de Fuji Adox 100 II ageluecht, deen soll net schwarzschildeffektempfindlech ( mäi Gott waat e Wuerd) sin. Daat wier awer dann S/W fir e Sonnenënnergang an daat ass awer net onbedengt optimal. Ohne Fleiss kein Preis, esou ass et eben mol. Deng Foto ass jiddenfalls wéi vun dir gewinnt een Délice, Steng a Waasser ass jo och däin domaine par excellence.
Fir ee Sonnenënnergang, wou primär vun der waarmer Liichtstëmmung profitéiert ass S/W "fläicht ?" net onbedingt déi optimal Wiel, do hues de Recht, obwuel dat awer jidderengem säi perséinleche Goût ass. Ganz besonnesch bei Laangzäitbeliichtungen erreecht een mat S/W Film ee ganz spezielle Look, wou Digital absolut net drun eru kënnt.
An der Zäitschrëft FineArtPrinter no.2 vun 2010 ass ee Portfolio vum Steffen Heinicke, dee säi Film alt deelweis iwwer Stonne beliicht, haaptsächlech Waassermotiver, a seng Resultater si grandios, hei emol ee Link vun enger anerer Websäit vu senge Biller.
Merci Georges fir deng Appreciatioun, a mech freet et dat d'Bild hei gefällt, a wënschen Dir vill Succès mam Fuji Adox 100 II a si mol gespaant op Resultater !