Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Daat mystescht Mier

 
Daat mystescht Mier
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.08.2006
  • Gekuckt:
    23608
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    5/1
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    92 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    778x533
  • Späicherplaz:
    353 KB
  • Originaldatum:
    31.07.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=9026]
Kommentar vum Fotograf:
bon well de Moggy dës Foto su gudd fënnt hun ech se dann och mol hei ropgelueden. Waat haalt dir dofun?
Nicon07 15.08.2006 - 20:19
Wou de Moggy recht huët, huët e recht. Dat do as eng Foto, déi huët esou eppes Mystesches. Ech géing se mol kuurzerhand als Topfoto virschloën.
Johny 15.08.2006 - 23:42
Hm also ech wees zwar net, Topfoto .. naja mol kucke waat räuskennt smile
THE-BAUER 15.08.2006 - 20:21
io foto ass mega gudd
spako 15.08.2006 - 20:32
Mmmh! Dei fannen ech och immens flott! Super stemmungsvoll Fuerwen!
klengtfierkel 15.08.2006 - 20:34
woow .. geseid aus wéi aus engem märchebuuch smile
su onendlech .. an wonnerschéi faarwen .. an di fielser ..oder wi en di denger do nennt.. di do rausragen .. wonnerschéin smile
kennt een and dreemen smile
Minaa 15.08.2006 - 20:54
Majo do stemmen ech dem Moggy zou smile
Mystesch oder wéi och emmer een et nennen well, d'Foto gett eng ganz speziell Stemmung rem ... jiddefalls ganz schéin smile
Dan 15.08.2006 - 21:20
Johny do hues du eng immens flott Foto gemach!
Mier gefällt wéi déi virun mier och schon gesoot hun daat Mystescht waat däin Bild äusdréckt, awer och de Cadrage ass dier ganz gutt gelongen!
An well den Nicon07 se schon mat Recht als Topfoto viergeschloen huet an een nët méi voten kann kriss de vun mier 60/60 (Teacher's Editionclosed_eye
elmuzo 15.08.2006 - 21:53
Firwat kann een, denger Meenung no, net méi voten, wann eng Prise um Wee ass eng Topfoto ze gin oder schon eng ass?
Dan 15.08.2006 - 22:26
Haat do eppes falsch verstaan closed_eye Sorry
JADE 15.08.2006 - 21:51
ech fueren mat mengem Sproch weider, och wann ech 2400 Km weit eweg sin .......

"Genau esou ........ an nach mei esou!"
oder och
"Exatamente assim ...... e ainda mais assim!"

Jean-Jos 15.08.2006 - 21:58
dat ass et: Stëmmong pur!
Kompliment!
elmuzo 15.08.2006 - 22:01
Däin 'Eyecatcher' vir riets ass genial gesin. Däin Ausschnett ass perfekt gewielt, doduerch ennersträichs de di rouheg Dynamik (liit paradox, mmh) di d´Liicht- a Fuarwespill schon orchestréiert. Wann ech deng Exifdaten kucken, jou, du haas d´Situatioun am Greff. (Wéilt ech hätt och emmer den Riecher) Also déi ass décke Gaaas.
kola 15.08.2006 - 22:18
Schléissen mech denen aneren un, an soen just : Tiptop Johny !
yoshi 15.08.2006 - 22:22
ech fannen se net schlecht, mee den titel passt net bei d'bild fannen ech.
duerch den niwweleffekt gesin dei fotoen oft roueg aus, awer hei gesais de nach kloer dei plaatz wou eng well gebrach ass, an daat mecht d'foto onroueg. wanns de dei selwecht foto, 5 min mei speit gemaach häss mat 20 sek beliichtung, dann wier daat mei platt gin an mei roueg eben. mee d'foto usech ass net schlecht, flotten bildopbau!
Johny 15.08.2006 - 23:44
Titel hun ech kee su wirklech fonnt fier déi Foto ... Mee änneren en awer lo mol closed_eye

Mee ENDLECH mol eng richteg Kritik: Daat mat der Well stëmmt, mee d'Mier war do déi ganzen Zäiten sou. Also d'Foto wir besser ouni, mee realistesch gesin war daat do net ze maachen.
20 Sekonnen waren awer och secher net meiglech, hun dei do jo mat 5 gemaach, an vill mei war net dran soss wir se vill mei hell gin.
yoshi 16.08.2006 - 04:20
majo dovir 5 min waarden, bis et mei daichter gett smile oder demno wei seier et do gaangen ass mam sonnenennergang. mat mei laanger beliichtung wier eben och dei kloer grenz verschwonnen
Johny 16.08.2006 - 04:22
Ah dofir, ech duecht du häss daat gesoot wéinst der Beweegung vum Mier allgemeng. Naja ech wees awer net ob 5 min. durno d 'Luucht nach sou geweecht wir dann schlussendlech. Mee daat wees keen vun eis, mee et kann natirlech sin smile
yoshi 24.08.2006 - 02:09
noramlerweis mat mei laanger beliichtung misst se jo dann rem selwecht sin, an wann net, gett jo na ps closed_eye
Johny 15.08.2006 - 23:47
Well et sou vill Kommentaren sin äntweren ech lo net op all Kommentar eenzel:

Also et freet mech dass se dene meeschten awer sou gudd gefällt, hätt daat niemols geduecht. Merci un ierch ALLEGUER fier är Kommentarer.

Just, Dan, däi Kommentar verstin ech net bigsmile Du sees 60/60 wells e der sou mega gudd gefällt mee votes awer eng 9 smile. Also ech soen jo lo net du misst 10 voten, op kee Fall, mee et ass awer onlogesch smile
Hannah 15.08.2006 - 23:57
Die Nebel von Avalon closed_eye
Fannen se och geheimnisvoll, op eng aaner Aart a Weis awer och bessi angschtaflössend.
Wei wann do e Mord geschitt wir. (hu grad Krimi gekuckt closed_eye)
Schein smile
Johny 16.08.2006 - 02:42
Merci smile
Nicon07 16.08.2006 - 09:16
Voilà: Hei dann och ee Kommentar vu mir zur Foto:
a) de Cadrage passt ganz genee. D'Proportioune vun den däischtere Beräicher (Fiëlsen) an den helle Beräicher (flouën Niwwel a Wellen) si quasi symmatresch an diagonal gespigelt. Am helle Beräich een däischtere Punkt an am däischtere Beräich een hellen, däitléchen! Fleck, dat erënnert dach un de yin an de yang, dofir dat Mystescht, oder zen-méissegt an dëser Foto. Awer; an elo kënnt et. Esou simplistesch as et och alt erem net, soss wier et jo keng Foto vun dir, Johny. Do as nach déi Emkéierung vum groussen däischter Beräich vu vir, an der Mëtt, déi, wéi ee Feil, d'Richtung ugët mat engem klengen helle Spot dran, deen op dee mi grousse vir prétonguearéiert.
b) D'Wellen ( och wann de yoshi mat séngen Argumenter recht huët) stéieren méch hei zwar net onbedingt, well d'Bewegungsonschärft dach durch di 5 Sekonnen esou stark as, datt een déi mi gro-blo Sträifen grad esou gudd als Reflexoiune vu Fiëlsen ënnert dem Waasser oder mi densën Niwwel kéint interpretéieren. An dat brécht och e bessen di dach awer vläicht monoton Farwepalett, wann et do och nach an d'rosa't géing goën.
c) Den Titel as elo nach méi "literaresch", wéinst der Alliteratioun Mystescht Mier, mais "roueg" huët méch och net onbedingt gestéiert. Well eng gewësse Rou geet dach awer vun deem Bild aus.
d) D'Luucht (oder d'Beliichtung) as fir méng Begreffer perfekt. Et as genuch Zeechnung an den däischtere Beräicher, an di hell Beräicher sin net iwwerstralt.
Wéinst dësen Detailer hun ech di Foto als top virgeschloen.
Johny 16.08.2006 - 12:55
Majo dann, staark Erklärung wisous du se sou gudd fenns, wirklech Respekt. Et freet mech natirlech ze liesen wann dir Detailer sou immens gefaalen smile
CHAREL 16.08.2006 - 15:59
@Nicon07: Merci dass de mer den Vote fier Topfoto oofgeholl hues soss hätt ech daat rem missen maanbigsmile

Zur Foto! Naja also......,..waat soll ech soen... se ass .... .. geil!!!closed_eye

Ps: hunn mer och schon den wallpaper gezunbigsmile
Johny 16.08.2006 - 23:59
E Wallpaper heivunner get et awer net smile Mee merci fier däi Kommentar. Leider ass se net als Topfoto ugeholl gin.
CHAREL 17.08.2006 - 15:50
Mengen io och deen aaneren wallpaperclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 600 Gäscht online