Ma nee, weder nach, just no genuch dobäi a mat 85 mm Brennwäit. Et ass genee geholl nach d'Jungfraufirn/Aletschgletscher
Strukturen hei am Schied hu mir besonnesch gutt gefall, dowéinst dës Opnahm.
Merci fir d'Präzisiounen. Et ass ëmmer schwéier, ouni "Etalonnage", séch eppes ënnert den Dimensioune virzestellen. Well d'Natur jo "fraktal" opgebaut ass, fënnt een di selwécht Strukture jo an alle Gréisstenuerdnungen rëm. z.Bsp: Ripplemarks laanscht d'Mier, Dünen a Sandbiergketten an der Wüst, vun uewe gekuckt, gläichen séch wéi een Eee deem aaneren...
Stëmmt, et gëtt Motiver wou ee sech schwéier kann orientéieren, zemools wann se och enk cadréiert sin an ouni vill Emfeld sou wéi an dësem Fall.
Merci pixelman.
Eng krass Crevasse, kann een do soen. Déi Dimensiounen kommen effektiv nët eriwwer op den 1. Bléck, mee wann een et bis weess, kritt een richtége Respekt virun esou Sortien.
Jo, krass ass de passenden Ausdrock, an déi scho mi eeler Foussspuren op der lenker Säit sin och elo net onbedingt dee richtege Repère.
Merci Jean-Jos.