Regelen an der Fotografie si fir Ufänger, Profien sin do méi flexibel.
Wann nëmme Fotoen, déi strikt d'Regelen anhalen, duerfe gewise gin, an als Konscht unerkannt gin, da géif et scho laang keng Fotografie méi gin... genau sou wéi iwwregens d'Molerei och an deem Fall wier.
Merci Nico, am Moment stinn ech op S/W, well hei vill mei dran ass. Dei Landschaften wou ech ennerwee sinn am Summer sinn schon 1000den Mol fotografeiert ginn, do muss een schon vill Zait hunn fir neies ze brengen.
de Street an Architektur begeeschteren mech weinst den kloren Formen mat deenen ech spillen kann, d'Lucht a Schied hellefen dobai immens. Freet mech das se der gefällt.
Ech gesinn e Bild mit Diagonalen, Flächen mat allméigleche Formen, Lucht a Schiet an eng Person am gëllene Schnëtt.
Regel hin, Regel hier, fir mech passt et an d'Bild gefällt.