D'Wollecken plus d'Haifchen um Horn machen d'Bild hei aus, anerefalls wir et just e massiven daischtere Klotz Steen. Et ass scho bal een trauregen Ubleck di beid Waenn vum Matterhorn ouni Schneii ze gesinn, hei huet dee waarme Summer ganz Aarbecht geleescht, an et ass scho bal eng Horrorvirstellung wann ee bedenkt dat et an e puer Joer een Dauerzoustand keint sin..!!
Dat hat ech mol guer net beduecht, datt d'Matterhorn als 4000er jo eigentléch dat ganz Joer iwwer soll zum Deel mat Schnéi bedeckt sin. Dat war mir och lo net direkt bewosst, wéi mir do uewe waren den 19. Juli.
An dat wats du zum Bild schreifs stëmmt och. Den daag virdru ware mir beim Aletschgletscher, an do hu mir vun der Moosfluh eriwwer op d'Matterhorn gesin, wat du ganz fräi war virun engem bloen Himmel ouni Wollécken, just eben am Donst.