De Focus läit oder sollt um Stär leien, bei oppen Blend kéint en effektiv verutscht sin, eeen Verwackler ass net auszeschléissen. Merci gunman fir deng Kritik.
OK, kann déi Aentfert ganz gutt akzeptéiren, et ass vielleicht effektiv esou, dass ech an der heuteger Zeit duerch deen "Megapixelwahn" e bessen beanflosst gin sin.
Et gesäit mir éischter no ganz oppener Blend aus, mat e bësse méi 'grain' wéi mer haut gewinnt sin (wat awer dem Bild Charme gëtt), wat vläicht durech d'Veraarbéchtung (Scan vum Negativ a Bea) kënnt.
Ech muss soen, ech hu nët déiselwécht Impressioun wéi's du.
Et ass ganz oppen Blend @f/1.4 mat manuellen Focus op eng Distanz vu knapp engem Meter bei 50mm Brennwäit. Do ass e Fehler net auszeschléissen. Natierlech léisst sech een 400 ASA Film mat méi oder wéineger grain net mat der heiteger klinescher Schäerft an Détailräichtum vun enger 20-50 Megapixeldigicam vergläichen. Hei geet et méi em de Karakter vum Objektif a Kombinatioun mat dem jeweielgen Film wéi em d'Schäerft, waat de Jean-Jos jo och erfiergestrach huet.
Absolut gesin hues de Recht, mat heuteger Technik wär ët kée Problem esou eng Foto ze maachen dass se dengen Qualitéitskriteren géif entspriëchen. De Georges weist eis hei eng Retrofoto mat Retrotechnik an all denen klengen Onzoulänglechkeeten déi dës Technik mat sech brengt, déi awer och de Charme vun der Foto ausmaachen.
Ob se elo verwackelt ass oder net schaarf, ass schwéier ze soen, well é bei enger Telemeterkamera é Fokusfehler, besonnesch am Noberäich a mat opener Blend nët ausschléisse kann (och bei enger Leica). E minimalen Déréglage vun der komplexer Feinmechanik geht schon duer.