Ass scho gewollt su kadréiert, su läit d'Intersektioun vun der vertikaler an horizontaler Linn vum goldene Schnett op sengem rietsen Aan. Wann et méi no riets wir wär d'Bild nemmi am Gläichgewiicht a giif kippen a wann et méi no ennen wier géif d'Aan nemmi op där Linn leien.
Mam Aen hues de jo schon Recht, mee am Gesamtbild hätt ech et awer bessi verréckelt. Den gellene Schnett ass jo o keng liewenswichteg Reegel, wann déi Foto lo déi 5mm no riets an 2mm rof gesaat wier, géif daat net fill um gellene Schnett enneren... Awer et géif menger Meenung no besser passen als Gesamtbild.
Gesin jo lo, dass am Moment 3 Stemmen "géint" 1 stin, mee mengen Kommentarer sin jo do fir kennen auszedrécken waat seng eegen Meenung ass. Soen jo och net dass d'Foto lo schaiss ass, well se déi puer mm do aanecht steet wei ech se géif fir perfekt haalen. Fannen se trotzdem ganz gudd
D'Medchen kuckt léif an d'Gesicht as gutt belicht. MEe d'Hoer sin ausgebrannt an déi Partie as zimlech zentral am Bild an deelt d'Bild. As natiirlech ee bekannten Problem bei der Digitalen Fotoapparater (Ausbrennen).
@RivanerJoe: Also daat mam äusbrennen wär amfong kee problem fir daat rem hinzekréien... d'orginal ass nemlech net sou an och am RAW gemat, just wärend dem verschaffen haat ech net drop opgepasst di hell luuchten enner kontroll ze haalen...
-E Charel fir de Reflector unzehaalen
lol gefällt mer :D
di jonk mussen nees d drecksarbescht maan...neme richteg
schönes foto !
hun neischt drun auszesetzen! daat mat den Hoer fannen ech net schlemm daat länkt eben de bléck automatesch op sei Gesiit
ach hat emol guer net d hoer gekuckt. mer sen direkt di aen opgefall.
ech fannen et einfa nemen e scheine gelongenen Portrait