Ech gesin zwee Stëbsflecken um Negativ also ass ët eng analog Foto an daat kann éen haut jo iergendwéi minimalistesch nennen, och wann den Opwand vill méi grouss ass...
An 1N steht da wuel fir déi hei: https://en.wikipedia.org/wiki/Canon_EOS-1N
Ech menge Charel d'AE-1 hun der demols vill kaaf. E Kolleg haat och eng en haat mer se esouguer 2 Woche geléint fir an d'Vakanz. Fir nët daat selwescht ze maachen wéi hiën, hun ech duerno eng Pentax ME kaaf. Déi hun ech zwar scho laang nët méi, sin awer bei der Mark pëche bliwen. Firwaat just Pentax, ziëlen ech der eng aaner Kéier...
Den "Minimalismus Street" steht fir vill Beton an wéineg Leit. Ech well jo net dass nach irgendeen sech um Bild erem erkennt an eppes dogengt huet dass en ongefrot op eng Photo komm as.
Interesséiert mëch nët , as ën Deel vum Bild. Ech losen mir nët d'recht huëlen, Fotoën ze machen.
Näischt fir ongutt, awer esou as ët. An schlëcht interpretéiert as seng Architektur nët. Ët hätt een d'Bild och kënnën "Les Milles Facettes" nennën.......oder nach anëscht
Du hues nach emmer net den Auteur vun de Gebaier genannt vun deenen du eng sching Foto gemaach hues. Ouni den Architekt giff et des Foto guer net gin, kokopelli !
Dach, mir gesin och de Mënsch, ma den Architekt wells du jo wierklich net kennen, ouni deen deng Foto vum "Mënsch" iwerhaapt net géif existéieren, op Street oder net.
Ech wärt dir ganz secher
keng Architekten nennen, kokopelli,
well dat wär jo awer
ganz vill
ze vill einfach:
e Minimum vun Intérêt
misst jo awer dosin.