Deng Biller gefale mir ganz gutt, besonnesch och Nr. 3, wéinst der Sonn am Bild.
Dat ass eng immens flott Plaz, mus och mol dohinn! Ass net ze vill Fotografegewulls am Bësch?
Also mir waren eben gëscht Moien d.h. Mëttwochs, géint 6 Auer do, do waren der scho puer ënnerwee. Wou d'Luucht bis richteg eraus war (wou Fotoen 2-5 gemaach gi sinn) do waren der allerdings net wéineg do. also wann ech schätzen misst géif ech am ganzen schonn 40 soen, vläicht eng 15-20 déi permanent do ware wou mir och eis Plazen erausgesicht hunn, an de Recht dann nach méi verdeelt. Et héiert een also permanent Spigelen erop klappen
Weekends soll et nach méi schlëmm sinn, gëscht war awer och meng éischt Kéier datt ech iwwerhaapt do war.
De mageschen Besch vun Halle, all Joers dat glaicht Schauspiel mat den Fotografen...mee ween wonnert et zum Schluss, ass io e flotten Sujet nawel . Deng Biller sin ganz glott gin, interessant Perspektiven, gefällt ma navell
Du kanns deng Biller esou verschaffen dass dat "Märchenhaft" net ganz verluer geet. Eng Tounwertkorrektur an dann den Filter "Glamour Glow" aus der Nik Collection. Hun mol probéiert: