Rancunier?... Firwaat ? An Raetselen ? Perseinlech?... mengen net! Ech hun meint zu denger Foto gesoot ... Gunman Bazooka.. daat ass en Konzept.. Net schlecht ? Né?
Et ass eng invitatioun zu enger Besserer Subjektiviteit
Jo, do hues du vollkommen Recht. Ech sinn net den groussen Photoshop Spezialist, an ech wéist net genau wéi ech daat esou selwer kéint hinkréien.
Merci awer fier deng Arbecht déis du dir mat der Photo gemach hues.
PS:
Ech haat déi Photo hei eropgelueden, net well ech se elo besonnesch gutt fannen, mais well ech emol probéiren wollt wéi eng Commentairen hei doriwer kommen, well zenter den Acceptatiounssystem hei bei Photogen geännert gin ass, geseit een villes waat fréier, wou nach en Gremium déi Photoen bewert huet, niemols ugeholl gin wär. Dozou gehéiert secher och déi Photo déi ech hei eropgelueden hun !
Ech sin baal all Daag hei op deem Site an kucken mir d'Photoen un. Wann mir eng gutt gefällt, dann soen ech et, wann net, oder wann ech mengen se hätt technesch Fehler dann soen ech et och, net emmer op eng diplomatesch Manéier, mais ech versichen op jiddefall net perséinlech ze gin (net gtaddei1...).
Meng Impressioun ass jiddenfalls. dass net méi vill Leit hei am Forum bei "schlechten Photoen" en Comment ofgin, sie soen dann léiwer neischt well se wessen, dass vill Leit haut mat enger Kritik net emgoen kennen, an daat ganzt dann eventuell ausart.
Dann wollt ech allerdengs och nach kucken waat fier eng Leit mir hei eng "Retourkutsch" géifen ginn, well ech se eng Kéier iergendwéi getreppelt hun.
Daat just als zousätzlech Info zu der Photo.
Ech kennen mech och net esou gudd aus am PS,wees just déi néidech Sachen
Wanns du den PS hues, dann klick mol uewen op "BILD"
Dann op "KORREKTUREN" klicken.
Dann op "FARBTON/SÄTTIGUNG" klicken.
Elo geet eng Fenster op an uewen steet 2x "STANDARD"
Géi dann op den eneschten"STANDARD" an klick "BLAUTÖNE"un.
An elo kanns du mam Schieberegler vun der "SÄTTIGUNG"déi Blotéin e bessen erofsetzen.
gunman ... ech sin net perseinlech gin... gell du... ech hun dech inviteirt dech selwer ze kritiseiren.. an ech fannen et och net obbedengt flott dass du enn op d'Prouf stellst ...
Probeier ganz einfach deng Foto Kunstruktiv ze analiseieren fir ze kucken ewei du deng Subjektiviteit op dech selwer applizieirst ... Bekemmer dech net em de Gout vun deenen Aneren..
Ech mengen net dass ech dech vexeiert hun.. gell du!
Mé bon ...
Salut,
zur Foto en Kommentar vun engem Anfänger, ech hätt probeiert den Himmel ganz eraus ze huelen welle den Objekt ass spannend genuch ouni Hannergrond. Wees awer net wei daat sech op d`Linnen ausgewierkt hätt. Desweideren sin do dei zwee Lampions lenks an riets, och dei hätt ech probeiert ze eviteieren...
zum PS vum gunman, ech gif et gudd fannen wann mei Meenung hei op den Desch giff kommen. Luef fier eng Aarbescht ass natiirlech schein awer mat Kritik kann een sech besser entweckelen (daat am Zeitalter vun der digitaler Photographie). Dobei muss een jo net perseinlech gin. Dass virun enger gewessen Zeit d´Fotoen duerch en Gremium gaangen sin wosst ech net, froen mech lo op iwwerhaapt eng vun mengen bis hei hin gepackt hätt.
Merci fier dein Commentaire. Waat den Himmel ugeet, do ass et menger Meenung no e bessen affaire de gout (dann hätt d'Photo natierlech och en aaneren Titel mussen kréien) mais mat den Lampions hues Du vollkommen Recht.
Salut Gunman,
ech fannen den Sujet gudd, mee als Thema 'blaue Stunde' häss de vielleicht en besschen 'méi rondrem' afänken kennen, sou dat een den Effekt vun der 'blauen Stunde' méi bemierkt. Sou ass Gebai selwer méi den Sujet an et bemierkt een den Effekt vun der 'blauen Stunde' net esou, well den Himmel zimlech um Rand ass.