Ech hun des Been an enger klenger Hafenstaat an Holland fonnt. Et war sou ee selwergebastelt "Scheld" fir dat Leit de Wee bei ee Butteck mat lauter aale Sache geife fannen deen e bessi abseits vun all deenen aanere Buttecker louch.
Ech hun also keen Afloss ob mei "Modell" gehaat
Hun et just och ganz "kurios" fonnt an et festgehaalen...
Schéint Bild! Gudd gesinn, flott Luucht a wann een de Kadrage analyséiert miirkt ee schnell dat dee perfekt ass, d'Linnen stemmen einfach all! Wees net op daat lo express sou gewollt wuar, mee falls jo, chapeau
Dat war bestëmmt esou gewollt. Et gëtt 99 Méiglechkeeten fir de Sujet hei "falsch" ze cadréieren. Hei ass op jidwer Fall déi richteg Approche. Eng liicht Kontrastunhiewung ging déi Been nach ë bësse méi zur Geltung brëngen.