Also ech wees net, hu se léiwer méi mystéieries, donkel am Bësch, geheimnissvoll, se ass speziell, an ech wees net esou richteg, as se dann super , oder och net. jorsch, ech wees et net.
Merci MsJarryman, ech si frou datt s de deng Gedanke beim Bild matdeels, da kann een diskutéiren ... an dat ass flott!
Bei der Opnahm war d'Wieder net extra gutt an d'Beliichtung am Bësch éischter schappeg. Dofir hunn ech vun der Säit mat enger LED-Täscheluucht d'Lamellen an de Still liicht opgehellt. Duerno hunn ech d'Foto och nach op PS veraarbecht. Doduerch entsteht villäicht eng "Studios-Atmosphäre", déi de Pilz méi schéin duerstelle wëllt wéi d'Wierklechkeet et hiergëtt. Dat kann irritéieren, ech wollt et awer esou probéieren.